Lucky Luke ass eng humoristesch Comicsserie, déi vum belschen Zeechner Morris (Maurice de Bevere) kreéiert gouf an déi am Wëlle Westen spillt, wou den Haaptpersonnage, de Lucky Luke, fir Recht an Uerdnung suergt.
Déi éischt Lucky-Luke-Geschicht war de Band Arizona 1880. Si ass de 14. November 1946 fir d'Chrëschtdeeg vun deem Joer an enger Spezialnummer vun der Comicszäitschrëft Le Journal de Spirou, dem Almanach 47, erauskomm. De Morris hat deemools eréischt 24 Joer.
An der Belsch an a Frankräich gouf de Lucky Luke bis 1968 am Magasinn Spirou publizéiert, vun 1986 bis 1973 am Magasinn Pilote, tëschent 1974 an 1975 a sengem eegenen, no him benannte Magasinn, tëschent 1975 an 1976 am Magasinn Tintin an duerno a verschiddenen aneren Magasinner.
Wéi d'éischt Publikatioun a Magasinner bis erduerch war, goufen d'Geschichten, mat e puer Ausnamen, a Form vun Albumen erausbruecht. Déi 31 éischt Albume sinn alleguer vum Editeur Dupuis publizéiert ginn, déi duerno vum Verlag Dargaud; vun 1991 u war et Lucky Productions, déi d'Albume publizéiert hunn an zanter 2000 kënnt de Lucky Luke bei Lucky Comics eraus.
De Lucky Luke ass weltwäit bekannt an ass an Europa immens populär; zu Lëtzebuerg ass de Lucky Luke änlech beléift ewéi den Astérix an den Tintin[Source?]. D'Comic-Serie gouf an 23 Sproochen iwwersat. Bis ewell[Wéini ?] goufen eng 300 Milliounen Albume verkaaft.
Nieft dem Comicalbum u sech sinn och Lucky-Luke-Kinosfilmer erauskomm, wéi och Dessin-animéen, Merchandise-Artikelen a Computerspiller. Zënter 1998 ass de Lucky Luke och am Erliefnispark Walibi bei Wavre vertrueden. Am Kader vun enger Beneluxkooperatioun zum Theema Fraud Prevention koum am September 2008 eng gratis Spezial-Nummer vum Lucky Luke iwwer Bedruchsvermeidung eraus, speziell bestallt op der Basis vun enger lëtzebuergesch-belsch-hollännescher Initiativ, wou direkt dräi lëtzebuergesch Ministèren dru bedeelegt waren. Den Auteur vun deem Album war de Vittorio Leonardo.
Bis 1955 goufen d'Geschichte vum Lucky Luke eleng vum Morris kreéiert, duerno a bis zu deem sengem Doud, 1977, war de René Goscinny den Auteur, de Morris huet just nach gezeechent. Zanterhier changéieren d'Auteuren. Am Moment (Enn 2018) sinn et de Jul (Julien Berjeaut) als Auteur an den Achdé (Hervé Darmenton) als Zeechner. Bis 2018 nach mat koumen 80 Albume vum Lucky Luke eraus. Dee bis ewell leschte Band, Un Cow-boy à Paris, ass vum November 2018. D'Illustratiounen dovu si vum Achdé an de Jul ass den Auteur; déi zwéin haten och dee viregte Band (La terre promise) zesumme kreéiert. Dertëscht koum nach een Erënnerungsalbum vum Mathieu Bonhomme eraus: L'homme qui tua Lucky Luke.
De Lucky Luke ass ee Cowboy, éischter gouereg, an hien huet eng schwaarz Krausel um Kapp. Meeschtens huet hien ee gielt Hiem un, ee schwaarze Gilet an och ee roude Foulard. Hien huet eng blo Box a brong Stiwwelen un. Säin Numm kënnt vu "luck" d.h. Gléck. De Lucky Luke setzt sech a fir d'Gesetz, hie suergt fir Recht an Uerdnung. An de verschiddene Albume geet et ëmmer ëm dat Gutt an dat Béist, a fir d'Gerechtegkeet, fir déi de Lucky Luke sech asetzt a kämpft.
Déi grouss Géigner vum Lucky Luke sinn déi véier Dalton Bridder, eng Uspillung op déi historesch Dalton Bridder, déi Banditten am Wëlle Westen waren.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lucky Luke (Personnage).
An der Lucky-Luke-Serie trieden eng Rëtsch historesch Personnagen op:
De Lucky Luke huet am Laf vu sengem Liewen mam Fëmmen opgehalen. De Morris gouf dofir 1988 vun der Weltgesondheetsorganisatioun mat engem Spezialpräis ausgezeechent, well hien dem Lucky Luke zanter 1983 d'Fëmmen ofgewinnt hat. Zanterhier huet de Lucky Luke meeschtens e Grashallem amplaz vun enger Zigarett am Mond.
Nëmmen eng Kéier an all de Lucky-Luke-Geschichten, déi bis haut (Enn 2018) publizéiert goufen, kënnt et derzou, dass hien een erschoss huet. Dat geschouch an der zweeter Geschicht, déi 1947 erauskoum a La mine d'or de Dick Digger heescht (déi Geschicht koum 1949 nach eng Kéier am éischte richtege Album vum Lucky Luke eraus). Doran erschéisst de Lucky Luke de Mad Jim, deen een Doppelgänger vum Lucky Luke ass. De Lucky Luke sëtzt fälschlecherweis fir de Mad Jim am Prisong a gëtt am leschte Moment gerett duerch e Feeler vum Henker, dem Handy Harry. Iwwer all déi 80 Albume bleift dat deen eenzege Muerd vum Lucky Luke.
Vun engem eenzege Lucky-Luke-Band gëtt et eng lëtzebuergesch Iwwersetzung: L'amnésie des Dalton gouf 1991 vum Lucien Czuga als Wéi d'Daltone kee Verhalt méi haten adaptéiert.
Um Gebitt vum Graphikdesign fënnt een an den Albume vum Lucky Luke Biller, déi aus verschiddene Perspektive gezeechent sinn, an zwar wäitwénkleger grad ewéi och där aus der Fräschperspektiv. Déi Approche erënnert staark un d'Methoden aus dem Kino.
De Lucky Luke as eng Comic-Serie déi "karikatural" gemoolt ass. Dat heescht, datt d'Ëmwelt an d'physesch Gestalt vun de Personnage phantasievoll an och gär iwwerdriwwen duergestallt ginn. Dat weist zum Beispill de Gebrauch vu groussen Nuesen. De Morris huet awer och d'Faarwen op déi Aart a Weis duergestallt. Dat manifestéiert sech zum Beispill doduerch, datt hien den Himmel net blo moolt mä mat enger méi phantasievoller Faarf.
Dat kënnt och a verschiddenen Zeene vir, an deenen hien déi komplett Zeenerie mat enger Faarf gemoolt huet, wéi zum Beispill eng Brandzeen, déi ganz a Rout gemoolt ass. Domat kritt déi Zeen en humoristeschen Aspekt; et erënnert souguer e bëssen u Pop-Art. .
Nom Doud vum Morris huet d'Serie den Numm changéiert.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Lucky Luke (Comicsserie), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.