De Buzz Aldrin, gebuer als Edwin Eugene Aldrin jr.
den 20. Januar 1930 zu Glen Ridge am New Jersey, ass en amerikaneschen Astronaut. Hien ass beim Gemini programm a beim Apolloprogramm matgeflunn a war den 2. Mënsch um Mound.
Buzz Aldrin | |
---|---|
Gebuertsnumm | Edwin Eugene Aldrin |
Gebuer | 20. Januar 1930 |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Massachusetts Institute of Technology, United States Military Academy, Severn School |
Aktivitéit | Juegdpilot, Astronaut, Autobiograph, Science-Fiction-Schrëftsteller, Ingenieur, Geschäftspersoun |
Partei | Republikanesch Partei |
Member vun | International Academy of Astronautics |
Véier Deeg nom Start vun der Apollo 11 de 16. Juli 1969, den 20. Juli um 20:17 UTC ass d'Landemodul "Eagle" op der Moundsurface am Mare Tranquillitatis ukomm. Den 21. Juli um 2:56 UTC ass den Neil Armstrong aus dem Landemodul erausgeklommen an huet als éischte Mënsch e Fouss op en aneren Himmelskierper gesat. Den Aldrin koum him 19 Minutten drop no.
Déi zwéin hunn en amerikanesche Fändel opgestallt, Moundgestengprouwe gesammelt a wëssenschaftlech Instrumenter opgeriicht. De ganzen Aussebordasaz gouf gefilmt an deelweis live iwwer Tëlee op d'Äerd iwwerdroen.
Commons: Buzz Aldrin – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Buzz Aldrin, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.