Bungeref ass eng Uertschaft an der Gemeng Rammerech.
Bungeref | |
---|---|
Déi al Bungerëffer Schoul | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen | fr: Bigonville de: Bondorf |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Réiden |
Gemeng | Rammerech |
Buergermeeschter | Toni Rodesch (CSV) |
Awunner | 594 |
1. Januar 2023 | |
Fläch | 1498,2172 ha |
Héicht | 487 m |
Koordinaten | 49° 50’ 58’’ N 05° 47’ 33’’ O |
Bungeref gëtt 1182 fir d'éischt an engem Dokument ernimmt. Bis an d'19. Joerhonnert stoung ee Schlass op der Plaz vun enger fréierer Réimervilla. De leschten Tuerm ass 1830 verschwonnen. Eng Legend dréit ëm e Bruddermuerd: Um Enn vum 12. Jh. hat d'Baronne Anna vu Friedbuerg, dem haitege Buerfelt, do mat hirem Jong a sengem Hallefbrudder gelieft. Aus Jalousie hat de Wolfram säi jonke Brudder ëmbruecht, wat e spéider als Eremit an der Wolwener Klaus ofbéisse sollt. D'Wolframsbich op der Wolwener Klaus erënnert un hien, ewéi och d'Kräiz Buerfiels op der N27.
Bungeref hat och dräimol Kiermes am Joer, déi kleng Blasi- an Donatikiermessen an déi grouss Kiermes op Quirinusdag.
An der Ardennenoffensiv sinn am Duerf 38 Haiser an e puer Scheieren a Schäpp verbrannt. D'Brandkatastrophe war sou schlëmm, well d'Haiser unenee gebaut waren. De 24. Dezember 1944 koum et do zu engem Panzerstroossekampf.
Bis zur Gemengefusioun zur neier Gemeng Rammerech am Joer 1978, war Bungeref eng eegestänneg Gemeng, déi aus de Sektioune Bungeref, a Rommeler Haff bestanen huet. D'Uertschaft Flatzbuer gehéiert zur Sektioun Bungeref.
Commons: Bungeref – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Bungeref, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.