D'Beyoncé Knowles oder einfach Beyoncé, gebuer als Beyoncé Giselle Knowles de 4.
September">4. September 1981 zu Houston am Texas, ass eng US-amerikanesch R&B- a Pop-Sängerin, Schauspillerin a Songwriterin. Bis 2005 war si Member vun der R&B-Girlgroup Destiny's Child an huet duerno eng erfollegräich Solo-Karriär gestart. Si gouf schonn e puermol mam Grammy Award ausgezeechent an huet iwwer 75 Millioune Placke verkaaft.
Beyoncé Knowles | |
---|---|
Gebuertsnumm | Beyonce Giselle Knowles |
Pseudonym | Queen B, Beyoncé, First Lady of Music |
Gebuer | 4. September 1981 Houston |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Museksproduzent, Filmschauspiller, Liddermécher, Filmregisseur, Filmproduzent, Dréibuchauteur, Dänzer, Entreprener, Choreograph, Synchronspriecher, Moudendesigner, Discographesche Kënschtler, Sänger |
Partei | Democratic Party |
Famill | |
Kanner | Blue Ivy Carter |
Als Kand huet d'Beyoncé bei ville Gesanks- an Danzconcourse matgemaach an ass an de spéiden 1990er als Member vun der Girlgroup Destiny's Child berüümt ginn. Mat iwwer 60 Millioune verkaafte Placken ass d'Grupp eng vun de weibleche Popgruppe ginn, déi weltwäit kommerziell am erfollegräichste waren. Wärend d'Grupp eng Paus gemaach huet, gouf 2003 der Beyoncé hiren éischte Soloalbum Dangerously in Love verëffentlecht, dee si als Solokënschtlerin weltwäit etabléiert huet. E gouf 11 Millioune Mol verkaaft, mat fënnef Grammy Awards ausgezeechent an d'Singleauskoppelungen Crazy in Love a Baby Boy hunn et ënner anerem an den USA op d'éischt Plaz an den Charts gepackt.
No der Trennung vun Destiny's Child am Juni 2005 huet si hiren zweete Soloalbum B'Day (2006) erausbruecht, op deem d'Hitten Déjà Vu, Irreplaceable a Beautiful Liar ze fanne sinn. Och als Schauspillerin war si aktiv, an huet an de Filmer Dreamgirls (2006), The Pink Panther (2006) an Obsessed (2009) matgespillt. Hir Hochzäit mam Rapper Jay-Z an hir Roll als Etta James am Film Cadillac Records (2008) hunn hiren drëtten Album I Am... Sasha Fierce (2008) beaflosst, mat deem hiren Alter Ego Sasha Fierce entstanen ass. D'Wierk gouf 2010 mat sechs Grammyen ausgezeechent, dorënner dee fir d'"Lidd vum Joer" fir Single Ladies (Put a Ring on It).
2010 huet d'Beyoncé eng Paus gemaach. De véierten Album 4 (2011) huet méi duuss Téin ugestouss an de Funk aus den 1970er, de Pop aus den 1980er an de Soul aus den 1990er exploréiert. Den Album Beyoncé, dee vun de Kritiker ganz gutt opgeholl gouf, huet sech vu senge Virgänger duerch seng experimentell Produktioun a seng méi däischter Thematik ofgesat.
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Commons: Beyoncé Knowles – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Beyoncé Knowles, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.