Amateurastronome beschäftege sech aus reng naturwëssenschaftlechen an net professionellem Intressi mat der Astronomie.
Si schaffen op follgende Gebidder:
Amateurastromen hunn dacks Privatobservatoirë mat leeschtungsstaarken Teleskopen. Duerch Uwennung vun CCD-Technik, liichtempfindlechen Webcams a computerënnerstëtzte Bildbeaarbechtungen hunn Amateuren an der Tëschenzäit Resultater, déi nach virun engem Joerzéngt nëmme grousse Fuerschungsobservatoire virbehale waren.
Eng Abberzuel vun Asteroiden a Koméite si vun Amateurastronomen entdeckt ginn.
Ee weltwäit bekannten Amateurastronom ass den Englänner Patrick Moore, dee vill Bicher iwwer d'Astronomie publizéiert huet an zanter dem Joer 1957 eng astronomesch Sendung bei der BBC moderéiert. Vill gutt Fachbicher an aner Publikatioune stame vun Amateuren, ënner hinnen ze fanne sinn: de Bruno Bürgel, Rudolf Brandt, Hermann Mucke, Günther Roth an den Oswald Thomas.
Amateurastronome sinn dacks a Veräiner organiséiert. Si beschäftege sech dobäi dacks an Observatoiren oder a Planetarien.
Commons: Amateurastronom – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Amateurastronom, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.