Als Niwwel (laténgesch nebula vum griicheschen nephele, »Wollek«) oder Niwwelfleck gouf an der Astronomie fréier e flächefërmegen Objet bezeechent dee liicht.
Dozou hunn och d'Galaxien an d'Stärekéip gehéiert, well se bei klenger Opléisung am Teleskop oder mat bloussem A als Niwwelfleck ze gesi waren.
Haut gëtt Bezeechnung Niwwel oder Gasniwwel bal nëmme fir interstellar Wolleken aus Stëbs a Gas gebraucht, déi jee no Aart vun hirem Liichten a verschidde Kategorien agedeelt ginn:
Dat éischt systematescht Verzeechnes vun Niwwelen ass de vum Charles Messier opgestallte Messier-Katalog am Joer 1774. Ee weidert wichtegt Verzeechnes ass den New General Catalogue (NGC) vum Johan Ludvig Emil Dreyer am Joer 1888. Déi zwéi Katalogen hunn Niwwelen, Galaxien a Stärekéip opgelëscht a ginn haut nach gebraucht.
Och als Niwwel gëtt an der Astronomie de Sonnenniwwel bezeechent, d'Gaswollek, aus där sech d'Sonnesystem opgebaut soll hunn.
Commons: Niwwel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Niwwel (Astronomie), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.