Den Alphonse Eichhorn, gebuer de 25.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Zoolog Alphonse Eichhorn. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Alphonse Eichhorn. |
Oktober">25. Oktober 1898 zu Miersch a gestuerwen den 2. Abrëll 1971, war e lëtzebuergesche Forstingenieur an Zoolog.
Alphonse Eichhorn | |
---|---|
Gebuer | 25. Oktober 1898 Miersch |
Gestuerwen | 2. Abrëll 1971 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Zoolog |
Den Alphonse Eichhorn huet zu München Forstwirtschaft studéiert an ass duerno zu Lëtzebuerg an d'Forstverwaltung komm, wou seng Karriär sech follgendermoossen entwéckelt huet: « garde général adjoint au service de l'aménagement des bois » (1929-1935), duerno « garde général » zu Gréiwemaacher a schliisslech « garde général » respektiv « inspecteur des Eaux et Forêts » an der Stad Lëtzebuerg vun 1937 u bis zu senger Pensioun am Joer 1963.
Den Alphonse Eichhorn ass 1957 « membre correspondant » vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal ginn. Hie war Member vun der Société des naturalistes luxembourgeois vun 1925 un.
Den Alphonse Eichhorn huet historesch Artikelen, déi mat sengem Beruff zesummegehaangen hunn, publizéiert. Donieft awer och zoologesch Artikele mat de Resultater vu senge Recherchen iwwer d'Séisswaassermilben (fréier Hydrachnellae, elo Hydrachnidiae genannt) an d'Muschelkriibsen (Ostracoda) vu Lëtzebuerg. Hien huet och d'Geschicht vun der Chorale Saint-Cécile vun der Kathedral geschriwwen. Hien hat d'Viraarbecht fir e Regësterband vun der Hémecht geleescht, deen no sengem Doud vum Joseph Maertz a vum Paul Medernach finaliséiert gouf.
De Schwäizer Collembolespezialist Hermann Gisin (1917-1967) huet am Joer 1954 dem Eichhorn déi nei Collembolenaart Onychiurus eichhorni dediéiert, déi op Material baséiert huet, dat den Eichhorn zu Stroossen an zu Nidderkäerjeng gesammelt hat. Den aktuellen Numm vun der Aart ass Protaphorura eichhorni (Gisin, 1954).
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Alphonse Eichhorn (Forstingenieur), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.