Den Alexander oder Alexandre Wiltheim, gebuer den 8.
Oktober">8. Oktober 1604 an der Stad Lëtzebuerg an och do gestuerwen de 15. August 1684, war e Schrëftsteller an Historiker.
Alexandre Wiltheim | |
---|---|
Plack um Gebuertshaus (domus natalis) vun de Bridder Wiltheim, déi als Éischt Liicht an dat réimescht Lëtzebuerg bruecht hunn (lumen adhibuere primi Luxemburgo romano) | |
Gebuer | 8. Oktober 1604 Lëtzebuerg |
Gestuerwen | 15. Oktober 1684 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | kathoulesche Priister |
Famill | |
Papp | Jean de Wiltheim |
Geschwëster | Jean Guillaume Wiltheim, Eustache de Wiltheim |
Hie war dat 10. Kand vum Jean de Wiltheim an der Marguerite Brenner vu Veianen. Wéi säi Brudder Jean-Guillaume gouf och den Alexandre Jesuitt. Hien huet sechs Joer laang Rhetorik am Kolléisch dozéiert, wou e Rekter gouf, dat en dunn och sechs Joer, bis zu sengem Doud, war.
Den Alexandre Wiltheim huet op latäin, franséisch an och alt däitsch geschriwwen. Eng drësseg Wierker vun him si bekannt, dorënner en Theaterstéck (Vellio), dat seng Schüler 1638 gespillt hunn. Soss huet hie sech mat der Yolanda vu Veianen ofginn, mat theologesche Froen a mat Märtyrer. D'Wierk Viri illustres luxemburgenses ass vun him oder vu sengem Brudder Jean-Guillaume, dat konnt net erausfonnt ginn.
Säi gréisst Wierk ass Luxemburgum Romanum, dat awer eréischt 1842 vum Auguste Neyen publizéiert gouf. Verschidde vu senge Manuskripter si bis haut net verëffentlecht ginn.
Den Alexandre Wiltheim huet ausserdeem antik Mënze gesammelt.
Säi Gebuertshaus steet um Krautmaart, vis-à.vis vun der Chamber, e Gebai an deem haut Büroe vun der Chamber sinn (virdrun d'Dresdner Bank). Um Eck mat der Waassergaass hänkt eng Erënnerungsplack un hien an u säi Brudder Jean Guillaume.
Commons: Alexandre Wiltheim – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Alexandre Wiltheim, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.