D'Abrëllsblumm (Anemone nemorosa L.) ass eng Bléieplanz aus der Gattung Anemon (Anemone), déi zu der Famill vun de Botterblummen (Ranunculaceae) gehéiert.
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
---|---|
Räich | Planzeräich |
Ënnerräich | Tracheobionta |
Ofdeelung | Bléieplanzen |
Klass | Magnoliopsida |
Uerdnung | Ranunculales |
Famill | Botterblummen |
Gattung | Anemone |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Anemone nemorosa | |
L. |
De wëssenschaftleche Gattungsnumm gëtt dacks op dat griichescht Wuert ánemos (= "Wand") zeréckgefouert, mä den Urspronk schéngt éischter beim arabeschen Numm an-nu'mān (= Blutt) ze leien, eng Bezeechnung fir eng Planz déi rout blitt, wéi d'Adonis.
Den Aartennumm ass dat laténgescht Adjektiv nemorosa/-us = "am Schiet".
Dem Henri Klees no huet d'Aart nach follgend Nimm: Bloderblumm, Bëschblumm, Hefflerblumm, Holzblumm, Kéisblimmchen, Këschteblumm, Läffelsblumm, Läffelkraut, Mäerzblumm, Ouschterbléi, Schankeblumm, Heckebloum, Pottschambsbloum.
D'Planz déi e puer Joer hannereneen erëmkënnt, gëtt tëscht 10 a 25 cm grouss a blitt tëscht Mäerz an Abrëll/Mee. Hir Blieder sinn tëscht 5 an 12 cm laang, mëttelgréng, mat dräi ofgerënnte Wutzen, a mat klengen Zänn laanscht d'Säiten. Se huet eng wäiss eenzel Bléi mat 6 - 8 Bléieblieder, déi tëscht 2 an 3 cm grouss ass, déi heiansdo och liicht rosa ka sinn. Si huet e flaacht Wuerzelwierk, dat sech wäit ëm d'Planz ausbreet. De Som gëtt vu Seechomesse verspreet.
D'Blumm ass an Europa an den hiwwelege Géigenden, an an de Bierger, an de Bëscher an op Wisen ze fannen.
D'Planz, déi Protoanemonin enthält, ass gëfteg.
Commons: Anemone nemorosa – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Abrëllsblumm, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.