Den Édouard Manet, gebuer den 23.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Moler Édouard Manet. Fir de Claude Monet, en anere franséischen impressionistesche Moler, kuckt wgl. Claude Monet. |
Januar">23. Januar 1832 zu Paräis an och do den 30. Abrëll 1883 gestuerwen, war e franséische Moler.
Édouard Manet | |
---|---|
Gebuer | 23. Januar 1832 |
Gestuerwen | 30. Abrëll 1883 8. Arrondissement |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Moler, Illustrateur, Bauzeechner, Zeechner |
Hie war ee vun den éischte Moler vum 19. Joerhonnert, deen d'Liewen an d'Leit vu senger Zäit am alldeegleche Kontext gemoolt huet, a spillt och eng wichteg Roll beim Iwwergang vum Realismus zum Impressionismus.
Seng éischt Meeschterwierker, Le déjeuner sur l'herbe an Olympia, allen zwee aus dem Joer 1863, hu fir grouss Kontrovers gesuergt, a ware Virbild an Encouragement fir aner jonk Moler, de Wee vum neien impressionistesche Stil anzeschloen. Haut ginn déi zwee Biller als Meilesteen vum Entstoe vun der moderner Konscht ugesinn.
Säi Stil war ufanks vum Frans Hals, Francisco de Goya an Diego Velázquez beaflosst. Méi spéit huet hie sech mat den impressionistesche Moler Edgar Degas, Claude Monet, Pierre-Auguste Renoir, Alfred Sisley, Paul Cézanne a Camille Pissarro a Berthe Morisot befrënnt.
Och mat de Schrëftsteller Émile Zola, Stéphane Mallarmé a Charles Baudelaire war hie befrënnt, an si hunn hien a senger Aarbecht ënnerstëtzt; grad sou wéi hie vun hinne Portraite gemaach huet.
Kuerz Aféierungen:
Méi laang Etuden:
Commons: Édouard Manet – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Édouard Manet, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.