Windsor Schlass

D'Windsor Schlass (engl.

Windsor Schlass Dësen Artikel iwwer eng Buerg oder e Schlass ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Windsor Castle) ass zesumme mam Buckingham Palace zu London an dem Holyrood Palace zu Edinburgh eng vun den offizielle Residenze vum Brittesche Kinnekshaus. D'Schlass läit zu Windsor, am Dall vun der Themse am Weste vu London.

Windsor Schlass
Loftbild vum Schlass zu Windsor

D'Queen Elizabeth II verbréngt vill vun hire Weekenden an dësem Schlass a benotzt et gläichzäiteg fir privat an offiziell Zwecker.
Seng Geschicht geet zeréck op de William den Eruewerer (William the Conqueror). Windsor Castle ass dat eelst a gréisst bewunnte Schlass op der Welt.

Déi meescht englesch Kinneken a Kinniginnen hunn zur Konstruktioun an dem Ausbau vum Schlass bäigedroen. Et hat am Laf vun der Zäit all Funktiounen, déi vun enger Garnisoun, enger Festung, enger Wunneng, engem offizielle Palais, an zäitweis och déi vun engem Prisong.

Plang vum Schlass

Windsor Schlass 
Plang vum Windsor Schlass. Déi rout Buschtawe vun dësem Plang verweisen op d'Lag vun de verschiddene Gebaideeler.
Windsor Schlass 
De Ronnen Tuerm vum Schlass
Windsor Schlass 
D'Windsor Schlass vu vir
Windsor Schlass 
Um Wee zum Haaptagank

Am Laf vu senger dausendjäreger Geschicht huet sech am Schlass villes verännert, wéinst de verschiddene Besoinen, Wënsch a finanzielle Mëttele vun de successive Schlasshären. D'Schlass huet haut z. B. säi Schwéierpunkt um opgeworfenen Hiwwel ("A" um Plang), do wou de William den Eruewerer säin éischt Schlass aus Holz gebaut hat.

Bedeitung vun den Zeechen am Plang niewendrun

  • A: De ronnen Tuerm
  • B: Den ieweschte Schlassdeel a Schlasshaff
  • C: D'Staatsappartementer
  • D: D'privat Appartementer
  • E: Südleche Fligel
  • F: Ënneschte Schlassdeel a Schlasshaff
  • G: St. George's Kapell
  • H: Horseshoe Cloister
  • L: The Long Walk
  • K: King Henry VIII Gate (Haaptentrée)
  • M: Norman Gate (Paart)
  • N: North Terrace
  • O: Edward III Tuerm
  • T: Den Zapestreechtuerm

Neizäit

Den 20. November 1992 ass am Windsor Schlass e Feier ausgebrach, dat 15 Stonne gedauert, a vill Schued gemaach huet. Fënnef Joer laang ass do geschafft a restauréiert ginn, fir den Haaptschued ze behiewen. An de Joren duerno huet d'Kinnigin d'Schlass ëmmer méi fir offiziell a privat Zwecker benotzt.

D'Schlass ass fir Visitten op an zitt als grouss Attraktioun Joer fir Joer vill Touristen un.

Kuckt och

  • Déi kinneklech Residenzen a Groussbritannien:
    • Buckingham Palace
    • Queen's Gallery, London
    • Royal Mews
    • Frogmore
    • Palace of Holyroodhouse
    • Queen's Gallery, Edinburgh
    • Balmoral Castle
    • Sandringham House
    • Clarence House
    • St James Palace
    • Chapels Royal
    • Kensington Palace
  • Déi historesch kinneklech Palaisen an England:

Um Spaweck

Commons: Windsor Schlass – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

Windsor Schlass Plang vum SchlassWindsor Schlass Bedeitung vun den Zeechen am Plang niewendrunWindsor Schlass Kuckt ochWindsor Schlass Um SpaweckWindsor SchlassEdinburghEngleschLondonThemse

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

ArcheologieCité judiciaireApple Inc.FrankräichUelzechtstroossHellegt Réimescht Räich vun Däitscher NatiounHypertext Markup LanguageRaymond Weydert.idDellAlbert Thill (Resistenzler)Bill ClintonPoison (Film 2023)IrakSociété nationale des chemins de fer luxembourgeoisStatistikDoudesstrof zu Lëtzebuerg26. Mäerzzxdfw2023CFL 4000KierchbiergPaul ThiltgesBenoît XVI. (Poopst)GuineaSpencer DavisMediaWikiAlex Donnersbach1026Universitéit vun OxfordDemy Schlechter216 v. Chr.Mstislaw RostropowitschJohn FarrowNeveuDavid CameronMauritius1586Ham (Fleesch)Quod erat demonstrandumJoseph-Louis LagrangeMerlin (Dreifwierk)Luc FriedenTony NeumanMichael JordanJos HelbachKilimanjaroUnited States ArmyEech zu SirenLuxembourg Institute of Science and TechnologySchëld A, 14aLiichtChamberLuc BonbletGréngen DonneschdegMéisproochegkeet zu LëtzebuergIndeschen OzeanMarie-Adélaïde vu Lëtzebuerg (1924-2007)Parc Tony-Neuman1627Luxtram-Linn Luxexpo - Pôle d'échanges WestPenélope CruzHarvard UniversitéitPlëss d'AremBenelux-ParlamentLëtzebuerg (Land)Lëtzebuerger FrangSkype1576Tom Hiddleston3. September🡆 More