De Will Hoffmann, gebuer den 9.
Dezember">9. Dezember 1937 zu Rëmeleng an och do de 16. Juni 2013 gestuerwen, war e lëtzebuergesche Politiker a Gewerkschaftler.
Will Hoffmann | |
---|---|
Gebuer | 9. Dezember 1937 Rëmeleng |
Gestuerwen | 16. Juni 2013 Rëmeleng |
Doudesursaach | Hiereschlag |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | LSAP |
De Will Hoffmann huet no enger Léier als Maschinneschlässer fir d'éischt bei der Hadir als Aarbechter geschafft. Duerno war en als Employé bei der Intermoselle zu Rëmeleng beschäftegt.
An den 1950er Joren huet en ugefaange sech gewerkschaftlech z'engagéieren. Hie war laang Zäit Sekretär a President vum Lëtzebuerger Aarbechterverband (LAV), der Virgängerorganisatioun vum OGBL.
Hie war zanter 1964 fir d'LSAP am Rëmelenger Gemengerot aktiv. Vun 1970 u war e Schäffen an 1990 huet e vu sengem Virgänger André Zirves d'Buergermeeschteschplaz iwwerholl. Am Joer 2011 huet hie sech no engem Hiereschlag aus der Politik zeréckgezunn an ass am Juni 2013 un de Follge vum engem neie Schlag gestuerwen.
Hie war President vum TICE-Syndikat vun 1990 bis 2011 a Member vum Syndikatbüro vun 1970 bis 1990. Hie war och laangjärege President a Grënnungsmember vum Syndikat STEP, President an Éierepresident vum Syndikat Minett-Kompost a Member an Éierepresident vum Verwaltungsrot vu Sudgaz. Zesumme mam Vertrieder vun der "Action Sociale pour Jeunes" Nicolas Eickmann an dem OGBL-President John Castegnaro hat hien 1997 d'Beschäftegungsinitiativ CIGL gegrënnt.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Will Hoffmann, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.