Op dëser Säit fannt Dir kompakt all wichteg Informatiounen, déi Dir fir d'Mataarbecht bei der Wikipedia wësse musst.
Alternativ gëtt et mam Wiki-Tutorial eng méi ausféierlech Aféierung an d'Aarbechtsweis vun der Wiki Lëtzebuergesch.
Éier Dir ufänkt mat schreiwen, hei déi wichtegst Grondsätz vun der Wikipedia:
Är éischt Schrëtt maacht Dir am beschten an der Wiki: Sandkaul. Déi Säit ass dofir geduecht, Saachen auszeprobéieren.
Artikel änneren | |
Klickt beim Artikel op de Link Änneren uewen um Bord iwwer der Iwwerschrëft vum Artikel. | |
Eng Fënster mam Text vum Artikel geet elo op. Et ka sinn datt Dir do e puer komesch Zeeche gesidd. Déi Zeeche sinn noutwänneg fir d'Formatéierung vum Artikel a fir d'Linken tëscht verschiddenen Artikelen. An der Textfënster kënnt Dir elo den Artikel änneren, zum Beispill Tipp- oder Orthographiefeelere verbesseren, oder och den Artikel erweideren. | |
Am Textfeld Résumé sollt Dir uginn, wat Dir gemaach hutt - zum Beispill Tippfeeler oder Datum korrigéiert. Wann Dir méi wéi e Wuert oder eng Zuel verbessert hutt, klickt als éischt op Kucken ouni ofzespäicheren fir Iech den Text uweisen ze loossen, an ze kontrolléieren, op d'Resultat Ärem Wonsch entsprécht, an eréischt duerno op Späicheren. |
Linken an nei Artikelen | |
Wat Dir maacht | Wat geschitt |
---|---|
Klickt nacheemol op Änneren a schreift en Text bannent eckege Klameren, zum Beispill: Op engem Mac maacht Dir d'eckeg Klamere mat Alt+5 bzw. Alt+6. | Lo gesäit een e Link op den Artikel Walfer. Well et schonn en Artikel zu deem Thema gëtt, kënnt Dir einfach drop klicken, fir op den Artikel ze kommen. De Link gëtt blo duergestallt. |
Wann den Text deen ugewise soll ginn, en anere wi dee vum Artikelnumm ass, geet dat sou: D'„Pipe“-Symbol, wat den Numm an den Text trennt, läit op däitschen Tastature lénks vun der Y-Tast (AltGr+<), an der Schwäiz AltGr+7 oder AltGr+1, an op engem Mac Alt+7. | Elo gesäit een den Text: |
Maacht elo emol e Link op eng Säit déi et nach net gëtt. Sou: | Dat gesäit dann sou aus: Dës Säit gëtt et nach net. Déi rout Faarf signaliséiert, datt et nach keen Artikel ënner deem Numm gëtt. (Normalerweis kënnt Dir de roude Link natierlech och uklicken, mee an dësem Testbeispill beloosse mer et sou, amplaz ëmmer missen déi Säit nees ze läschen:)). |
Klickt op de roude Link. | Dir kritt elo d'Textfënster fir en neien Artikel ugewisen, an déi Dir elo Ären Text hischreiwe kënnt. |
Wien et méi genee wësse wëll, kann och bis an d'ausféierlecht Handbuch luussen. Do gëtt et en Abschnitt fir Neier, an deem mir versichen, eis nei Mataarbechter e bëssen un d'Hand ze huelen. Wann nach Froen opstinn, kënnt Dir ënner Wiki: FAQ kucken, op déi net scho beäntwert goufen, oder eng Fro op der Hëllefsäit stellen.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Wiki:Éischt Schrëtt, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.