Eng Wandmillen ass eng Maschinn déi, mat engem duerch Wandenergie ugedriwwene Mechanissem, Aarbecht maache kann.
Et ass am Fong eng speziell Applikatioun vun engem Wandmotor.
Klassesch Wandmille mat de grousse Flilleke fënnt een haaptsächlech am flaache Land. Si waren, ier d'Dampmaschinn erfonnt gouf, mat de Waassermillen déi eenzeg Kraaftmaschinnen op der Welt. Wandmille si fir vill Aarbechten agesat ginn, ënner anerem als Pompelstatioun an de Polderen an Holland.
De Bau ëm d'Mille selwer gëtt och Wandmille genannt.
Zu Lëtzebuerg ware just 3 Wandmille bekannt, déi vun Nidderwolz, d'Wandmillen an der Stad op der Areler Strooss an déi vun Dippech (ofgerappt).
Commons: Wandmillen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Wandmillen, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.