Wëssen (vun alhéidt wizzan, wat sech vun der indogermanescher Perfektform woida - ech hu gesinn an domat och ech weess ofleet) ass e Begrëff mat ville Bedeitungen, souwuel an der Alldagssprooch wéi an den déifgrënnegen Iwwerleeunge vun de Philosophen.
Einfach ausgedréckt ass Wësse souwuel den Zoustand vun deem dee weess wéi och déi gewosste Saache selwer. Méi speziell handelt et sech ëm:
Et gëtt awer keng uniformiséiert Bestëmmung vum Wëssensbegrëff, mä eng sëllegen Theorien déi matenee konkurréiren. Nach am bekanntsten ass dem Platon seng onschaarf Definitioun "wouer a justifiéiert Meenung".
Gemenkerhand acceptéiert ass datt d'Acquisitioun vu Wësse komplexe kognitive Prozesser ënnerläit, déi ugi mat der Perceptioun an iwwer d'Léieren, d'Associatioun an d'Raisonnement bis zum Verstoe féieren. Deemno geet et net duer, fir vill Informatiounen unzesammlen, et muss een déi Informatiounen och interpretéiere fir se ze wëssen.
Commons: Knowledge – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Wëssen, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.