De Vittorio Taviani, gebuer den 20.
September">20. September 1929 zu San Miniato, an Italien, a gestuerwen de 15. Abrëll 2018 zu Roum, war en italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
Vittorio Taviani | |
---|---|
Gebuer | 20. September 1929 |
Gestuerwen | 15. Abrëll 2018 Roum |
Nationalitéit | Italien, Kinnekräich Italien |
Aktivitéit | Filmregisseur, Filmproduzent, Dréibuchauteur, Regisseur |
Famill | |
Geschwëster | Paolo Taviani |
Hien ass de Brudder vum Filmregisseur an Dréibuchauteur Paolo Taviani. Déi zwéi Bridder dréinen hir Filmer ëmmer zesummen.
1977 sinn déi zwéi Bridder duerch de Film Padre Padrone bekannt ginn. Weider bedeitend Filmer vun hinne sinn La notte di San Lorenzo (1982), Il sole anche di notte (1986) an Cesare deve morire (2012). Am Film Good morning Babilonia (1986) spillt déi lëtzebuergesch Schauspillerin Désirée Nosbusch ënner dem Pseudonym Désirée Becker eng vun den Haaptrollen.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Vittorio Taviani, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.