Verhiddungsmëttel, och nach Verhütungsmëttel, Kontrazeptiounsmëttel oder Contraceptiounsmëttel, si Methoden an Dispositiffen, mat deenen ongewollt Schwangerschafte solle verhënnert ginn.
Si ginn och dacks einfach just als Verhiddung, Verhütung, Kontrazeptioun oder Contraceptioun bezeechent.
D'Gebuertekontroll dogéint ass eng staatlech Moossnam fir d'Zuel vun de Gebuerten ze kontrolléieren an ze limitéieren.
Verhiddungsmëttel ginn zënter der Antikitéit gebraucht, mee wierksam a sécher Methode gëtt et eréischt zënter dem 20. Joerhonnert. D'Plangen, d'Bereetstellen an d'Uwende vu Kontrazeptioun fir mënschlech Gebuerten nennt ee Familljeplanifikatioun. Verschidde Kulture schränken den Zougank zu Verhiddungsmëttel an oder roden dovun of, well si se fir moralesch, reliéis oder politesch onerwënscht halen.
Ënner anerem d'Weltgesondheetsorganisatioun an d'US-amerikanesch Zentrume fir Krankheetskontroll a -preventioun (Centers for Disease Control and Prevention) ginn Informatiounen iwwer d'Sécherheet vun de Kontrazeptiounsmethoden.,, Déi sécherst Methode fir Schwangerschaften ze verhënneren, sinn d'Sterilisatioun vum Mann a vun der Fra, d'Spiral an implantéiert Verhiddungsmëttel. Duerno kommen eng Rei hormonell Methoden, wéi Pëllen (d'Antibabypëll), Plooschteren, Vaginalréng an Injektiounen. Zu de manner wierksame Methode gehéiere physesch Barrièrë wéi de Kondom, den Diaphragma, de Verhiddungsschwamp an Opklärungsmethoden iwwer Fruchtbarkeet. Als am mannste wierksam gëllen de Spermizid an d'Erauszéie vum Penis virun der Ejakulatioun.
D'Sterilisatioun ass zwar héich wierksam, mee léisst sech an de Reegel net réckgängeg maachen. All déi aner Methode si réckgängeg ze maachen, meescht direkt nom Ofsetzen. Safe-Sex-Methoden, wéi d'Benotze vu Kondomer, kann och derzou bäidroen, sexuell iwwerdrobar Krankheeten ze verhënneren. Aner kontrazeptiv Methode schützen net viru sexuell iwwerdrobare Krankheeten. Kontrazeptiounsmëttel fir den Noutfall kënne Schwangerschafte verhënnere, wa se bannent 72 bis 210 Stonnen nom ongeschützte Geschlechtsverkéier ageholl ginn. A verschiddene konservative Kreesser gëtt argumentéiert, datt de Verzicht op Sex och eng Form vu Kontrazeptioun ass. Mee Studien hu bewisen, datt eng sexuell Opklärung, déi nëmmen op der Abstinenz baséiert, d'Zuel vu Jugendschwangerschaften kann erhéijen, wann net gläichzäiteg iwwer aner Verhiddungsmëttel opgekläert gëtt. De Grond dofir ass, well d'Abstinenz net ëmmer respektéiert gëtt.
Zënter dem 1. Abrëll 2023 sinn d'Verhiddungsmëttel zu Lëtzebuerg, mat Ausnam vun de Kondomer, gratis. D'Käschte gi vum Staat iwwerholl.
Commons: Verhiddungsmëttel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Verhiddungsmëttel, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.