Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Staat Vatikanstad, och alt just als Vatikan bezeechent, ass mat 44 Hektar dee klengste vun der UNO unerkannten eegestännege Staat vun der Welt. E läit um Territoire vun der Stad Roum (Italien). Zu der Vatikanstad gehéieren de Péitersdoum, d'Péitersplaz, d'Sixtinesch Kapell souwéi d'Palaisen a Gäert bannent de vatikanesche Maueren.
Status Civitatis Vaticanae Stato della Città del Vaticano État de la cité du Vatican Vatikanstadt | |||||
| |||||
Offiziell Sprooch: | Latäin, Italieenesch | ||||
Haaptstad: | Vatikanstad | ||||
Staatsform: | Absolut Monarchie | ||||
• Poopst: | Franciscus | ||||
• Regierungschef: | President vum Governatorato Giuseppe Bertello | ||||
Fläch: | 0,44 km² | ||||
Bevëlkerung: | 798 | ||||
• Bevëlkerungsdicht: | 1814/km² | ||||
Onofhängegkeet: | vum Kinnekräich Italien 11. Februar 1929 | ||||
Nationalhymn: | Inno e Marcia Pontificale | ||||
Wärung: | Euro | ||||
Zäitzon: | UTC +1 | ||||
Internet TLD: | .va | ||||
Internationalen Telefonsprefix: | +379 | ||||
De Staat vun der Vatikanstad ass eng absolut Walmonarchie mat un der Spëtzt dem Poopst. Den Hellege Stull vertrëtt d'Vatikanstad op internationalem Plang.
Vun den 932 Mënschen, déi am Vatikan liewen, hunn der 552 déi vatikanesch Staatsbiergerschaft (dorënner genee 110 Schwäizergardisten – Statsbierger op Zäit – an ongeféier 50 weider Laien). Déi vatikanesch Staatsbiergerschaft gëtt ëmmer just zäitweis an un eng Funktioun gebonne verginn. Si ersetzt ni déi natierlech Staatsbiergerschaft. Se gëtt awer just héije Membere vun der Kurie, de Membere vun der peepstlecher Schwäizergard an och alle Kardineel, déi am Vatikan liewen, zougedeelt an doriwwer eraus all deenen, déi op Sonnererlaabnes vum Poopst op Zäit am Vatikan wunnen.
Gutt 40 Prozent vun de Staatsbierger hale sech net am Vatikan oder zu Roum op, et handelt sech dobäi ëm peepstlech Gesanten an Nuntien, déi fir d'Dauer vun hirem Amt och d'vatikanesch Staatsbiergerschaft hunn.
Am Vatikan selwer liewe Kardineel, Prelaten a Schwäizergardisten. Vun den 3000 Aarbechter, dorënner haaptsächlech Regierungsmemberen, Zeremoniëmeeschter, Verkeefer, Restaurateuren, Käch, Bürosaarbechter, Drécker, Employéë vun der staatseegener Bank Istituto per le Opere di Religione („Institut fir d'reliéis Wierker“, och nach Vatikanbank), Botzpersonal, wunnt praktesch keen am Vatikan selwer. D'Salariéë sinn a fënnef Gruppen opgedeelt:
Den Amtssëtz vun de Peepst war bis an d'14. Joerhonnert net de Vatikan, mä de Lateranpalais.
„Vatikan“ bezeechent u sech en Hiwwel (mons vaticanus), dee riets vum Tiberufer läit. Do stoung och an der Antiquitéit den Zirkus vum Keeser Nero, an deem bei Märtyrien an Hiriichtunge vill Chrëschten a Judden hiert Liewe gelooss hunn.
Nërdlech vun deem Zirkus war e klenge Kierfecht, op deem den Apostel Péiter angeeblech begruewe ginn ass. Eng kuerz Zäit duerno ass op där Plaz e Monument gebaut ginn. Am 4. Joerhonnert huet de Keeser Konstantin ob der selwechter Plaz eng grouss Grafkierch baue gelooss – St. Péiter. De Vatikan ass domat zur zentraler Pilgerplaz vun de Péitersveréierer ginn.
Am Joerhonnert duerno si weider Gebaier ob dem Hiwwel entstanen, virun allem sougenannt “scholae” déi Pilger vu verschiddenen Nationalitéiten een Ënnerdaach gebueden hunn, Kapellen a Kierfechter awer och d'Arméi war um Hiwwel vertrueden. Ënner dem Leo IV. ass Mëtt vum 9. Joerhonnert déi ganz Pilgerplaz befestegt ginn (Leostaat).
Mat dem Zerfall vum réimesche Räich hunn d'Peepst sech ob eng sougenannt “Konstantinesch Schenkung” beruff, no där si déi weltlech Herrschaft iwwer den Territoire ëm Roum hunn, an haten domat d'Basis fir de spéidere Kierchestaat. Am 15. Joerhonnert huet sech d'Konstantinesch Schenkung als Fälschung erausgestallt.
Commons: Vatikanstad – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Vatikanstad, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.