Tëschegas ass eng lëtzebuergesch Metal/Hardrock-Band, déi am Mäerz 2009 gegrënnt gouf.
Hir Lidder zeechne sech duerch Ironie a Witz aus.
D'Band besteet aus 6 Memberen:
Fréiere Member: 2009-2015 Jérôme "Jek" Hury op der Gittar, huet virdru bei der Band Gifts of rain gespillt
Tëschegas spillt zanter 2009 zesummen.
D'Membere bezeechnen hire Stil selwer als "Minetter Metal", well se alleguer aus dem Minett kommen a bei hirer Musek e clin d'oeil un déi vergaangen Industrieepoch am Süde vum Land maachen. D'Texter, déi op Lëtzebuergesch verfaasst sinn, sinn ironesch gehalen. Et geet meeschtens ëm alldeeglech Klengegkeeten, an och heiansdo ëm déi al Arbedszäiten.
Hire Slogan ass Schuaarf wéi Minetter Mossen.
De 5. Oktober 2012 koum den éischten Album "Industrielle Läichendéngscht" mat 9 Lidder eraus.
Den 28. Januar 2013 koum nodréiglech d'Lidd "Industrielle Läichendéngscht" als Download-Single eraus.
Den 21. Mäerz 2015 koum den zweeten Album "Et wuar net keen...mol" mat 12 Lidder eraus. Am Virfeld hat d'Band e DIY-Video zur Single "Flèche du sud" presentéiert. Am selwechte Joer war Tëschegas och op der Tribut-Compilation "Nazz Nazz Relaoded" mat enger Lëtzebuerger Versioun vun "I don't need no doctor" vertrueden.
Industrielle Läichendéngscht (2012)
1. Intro
2. Zolwer Gras
3. Erotesch Regierungskrise
4. Minetter vun Gottes Gnod
5. 1 dobannen
6. De Panther
7. Deng Päif ass Geschicht
8. Familjendag
9. Gonshua
10. Rowdy
Et wuar net keen...mol (2015)
1. Intro
2. Kee Bock op Melu
3. Flèche du sud
4. Biergcourse an d'Stad
5. Et wuar net keen...mol
6. Eppes mat Gefill
7. Passtérix51
8. D'Lidd vum Blanne Jhang
9. Kee richtege Mann
10. Total versaut (featuring de Moofe Lex)
11. Outro
12. Industrielle Läichendéngscht
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Tëschegas (Museksgrupp), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.