De Ben Heyart, gebuer den 18.
November">18. November 1927 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen de 26. Februar 2009, war e lëtzebuergesche Moler.
Ben Heyart | |
---|---|
Gebuer | 18. November 1927 Lëtzebuerg |
Gestuerwen | 26. Februar 2009 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
Hien huet e Studium op der École nationale supérieure des beaux-arts de Paris an op der Académie Julian gemaach. Duerno huet hien nach op der Académie royale des beaux-arts de Bruxelles studéiert.
Vun 1957 un war hien Zeecheprofesser an der Lycée de garçons de Luxembourg an am Kolléisch an der Stad.
De Ben Heyart war als kreative Kënschtler a ville Gebidder doheem. Hien huet net nëmme Biller gemoolt, mä och Mosaicker a Glasfënsteren entworf, wéi an der Kierch zu Steesel oder de Kräizwee an der Kierch um Belair
Seng Wierker goufen zu Lëtzebuerg an och am Ausland, wéi zu Tokyo, Paräis, Berlin an Amsterdam, an Ausstellunge gewisen.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Ben Heyart, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.