Eng Telefonskabinn ass eng eppes iwwer maanshéicht kleng Kabaischen, déi meeschtens am ëffentleche Raum steet, an an där en Telefon installéiert ass.
D'Kabaischen (dacks aus Glas, oder op d'mannst mat Fënsteren) déngt dozou, den Telefon (an de Benotzer) viru Reen a Kaméidi ze schützen. Den Telefonsapparat an enger Kabinn funktionéiert meeschtens (ausser fir Noutriff), mat Mënzen oder mat am Viraus kaaften Telefonskaarten. Et kann ee sech och do uruffe loossen.
Zanter der allgemenger Verbreedung vum Handy ginn d'Telefonskabinne méi rar, well et ëmmer manner Leit gëtt, déi drop zeréckgräifen.
An Europa schreiwe Gesetzer vir, op wéi vill Awunner eng ëffentlech Telefonskabinn muss kommen.
Zu Lëtzebuerg gouf et am Joer 2015 329 Telefonskabinnen. Dobäi komme 24 Telefonen an ëffentleche Gebaier, déi mat Telefonskaart fonctionéieren. Se sinn no der Awunnerzuel verdeelt: an der Stad Lëtzebuerg waren et der 49, zu Esch-Uelzecht eelef, zu Diddeleng der aacht, zu Déifferdeng der sechs, asw. Am Mount goufen an der Moyenne 95,83 Uriff pro Kabinn gemaach.
Bis 2021 sinn déi 20 lescht Kabinnen am Land ewechgeholl, déi Jore virdru sinn et der 10 am Joer gewiescht. Eng ronn 25 fix Telefonen, notamment um Findel hänken nach doruechter. Déi wäerten awer och an den nächste Joren ewech geholl ginn.
Commons: Telefonskabinnen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Telefonskabinn, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.