Strëmp sinn e Gezei fir de Fouss.
Et ass eng Zort stoftene Schlauch, deen zu den Zéiwen hin zou ass, an iwwer de Fouss gezu gëtt. D'Form ass dem Wénkel vum Fouss ugepasst, an et gëtt meeschtens keen Ënnerscheed tëscht dem rietsen an dem lénkse Fouss gemaach. Strëmp gëtt et a verschiddene Gréissten, Längten, Hierstellungsweisen a Material.
Strëmp hunn d'Funktioun, de Fouss waarm ze halen, Fiichtegkeet, déi duerch d'Schweessen entsteet, z'absorbéieren an d'Haut vum Fouss virum Schauteren am Schong ze schützen.
Strëmp gi gewéinlech bis un d'Wued. Méi laang Strëmp, déi bis uewen un d'Déckt vum Been ginn, si meeschtens Dammestrëmp (fr.: bas; dacks Nylonstrëmp), a wa se net vum selwen halen da gi se entweeder mat Jarretellen oder Jarretièren uewen um Bee gehalen. Sinn dës uewen un enger Zort Box zesummegebitzt, schwätzt ee vun engem Collant. Kuerz Strëmp gi Soquetten oder Séckercher genannt.
Plazeweis besteet och nach den Ausdrock Huesen fir Strëmp (cf. den Ausdrock Schung an Huese verléieren).
Commons: Strëmp – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Strëmp, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.