Gett

Eng Gett, méi am Gebrauch ass d'Méizuel Getten, ass e Gezei aus Lieder, Stoft oder syntheeteschem Material fir bei de Mënschen d'Wueden ze protegéieren an/oder ze wiermen.

Gett
Modern Gette fir trëppelen ze goen
Gett
Zaldotegett
Gett
Franséisch Kadette vun der Marinn mat wäisse Getten op enger Parad op de Champs-Élysées

Dozou gëtt et Spezialgette fir Reider, an d'Gette fir Päerd, fir Verletzungen um ënneschte Been z'evitéieren.

Gette fir déi kal Joreszäit si gefiddert, z. B. mat Schofspelz.

Gette goufe fréier haaptsächlech vu Kutscheren, Fierschteren a Jeeër, Gendaarmen an Zaldote gedroen. Am Laf vum 18. Joerhonnert goufen d'Gette vum Friedrich Wilhelm I. an der preisescher Infanterie agefouert.

A villen aneren Arméie goufen d'Getten och duerno gedroen, goufen awer lues a lues duerch héich Stiwwelen déi sougenannt Bottinnen ersat. D'Infantriste besonnesch vun der franséischer Arméi a vun der englescher Arméi, souwéi vun Arméien déi Uniformen am Stil vun der englescher Arméi gedroen hunn, sinn nach e Strapp nom Zweete Weltkrich mat Getten ausstafféiert ginn. Dozou huet och d'Lëtzebuerger Arméi gehéiert.

Sproochleches

Gette kommen an dëse Riedensaarte vir:

  • an d'Gette goen: vu Schwächt zesummebriechen;
  • d'Getten zéien: sech aus dem Stëbs maachen.
  • do d'Getten un: bereet dech gutt vir

Um Spaweck

Commons: Getten – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

GezeiLiederStoft

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

HauskazPilzeräichInterkommunal Syndikater zu LëtzebuergProvënz LiaoningGabriel BoisantéFilmSechs1907Marguerite ThyesDemokratesch ParteiStadGenuaAlaskaCMRacing FC Union LëtzebuergCanton de CallasHandball34GAngkor WatDäitschland775. August199646Procyon1Mozilla FirefoxAtomLouis vu LëtzebuergBGL Ligue (Lëtzebuerg)PakistanHong KongHouwaldFinnlandMarie-Antoinette vun ÉisträichLëtzebuerg (Stad)L21FerdruptMichael Faraday20186Gaius Iulius CaesarRusslandNationalsozialismusJochen15Brigade antigangs1916Lycée Mathias-AdamNairobiCanton de Roanne-SudGesellschaftskritikWeiss (Familljennumm)19298HMoienBelschYann TonnarGemeng HabschtMacauTelefon2011MaldivenGlaireLëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderPeruPornofilmD'Vulleparlament am Gréngewald🡆 More