Sol ass d'Bezeechnung fir d'Rotatiounsperiod vum Mars géigeniwwer der Sonn, also fir e Mars-Dag.
Deen Dag-a-Nuecht-Zyklus (en Dag) huet 24 Stonnen, 39 Minutten a 35,244 Sekonnen.
Am Ënnerscheed zu der siderescher Rotatiounsperiod vum Mars – senger Rotatioun géigeniwwer de Fixstären – déi nëmme 24 Stonne, 37 Minutte a 22,66 Sekonne ass, dauert de Sonnendag e bëssi méi laang, well hie sech duerch seng Ëmlafbeweegung ëm d'Sonn dofir nach eppes méi wäit ëm déi eegen Achs dréie muss.
De Sol gouf agefouert fir Stonnen an Datumen um Mars onofhängeg vun den ierdesche Kalennere kënne festzehalen an e gëtt haaptsächlech vu Wëssenschaftler vun der NASA als Zäitmooss gebraucht, fir den Asaz vun de Marsroveren ze plangen an z'iwwerwaachen.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Sol (Zäiteenheet), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.