De Sergei Witauto Puskepalis (op Russesch: Сергей Витауто Пускепалис), gebuer de 15.
Dësen Artikel aus dem Theaterberäich an aus dem Drama ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Abrëll">15. Abrëll 1966 zu Kursk a gestuerwen den 20. September 2022 bei engem Autosaccident an der Géigend vun Jaroslawl, war e russeschen Theater- a Filmschauspiller an Theaterregisseur vu litauesch-bulgarescher Ofstamung.
Sergei Witauto Puskepalis | |
---|---|
Gebuer | 15. Abrëll 1966 Kursk |
Gestuerwen | 20. September 2022 Oblast Jaroslawl |
Doudesursaach | Verkéiersaccident |
Nationalitéit | Sowjetunioun, Russland |
Aktivitéit | Schauspiller, Theaterregisseur, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Filmregisseur, Filmdréibuchauteur |
Hien ass zu Kursk op d'Welt komm an 1980 ass hie mat senger Famill op Saratow geplënnert. Do huet de Sergei Puskepalis Theater- a Filmregie studéiert, a bis 1998 huet de Kënschtler am Saratower Theater fir jonk Spectateure geschafft. Vun 1998 bis 2001 huet en op der Russescher Akademie fir Theaterkonscht (RATI-GITIS) studéiert, an duerno a verschiddene russeschen Theateren als Regisseur geschafft. 2003 huet hien och eng Filmcarrière als Schauspiller ugefaangen.
1999 krut de Puskepalis den Titel Éierekënschtler vu Russland. Hien ass ee vun de bekanntsten Theaterregisseuren a Russland. Als Filmschauspiller hat hie Haaptrollen a Filmer wéi Prostyje weschtschi (Простые вещи, "Einfach Saachen"; 2006) a Kak ja prowjol etim letom (Как я провёл этим летом, "Wéi ech dëse Summer verbruecht hunn"; 2010). Fir d'Roll als Sergei, engem vun zwéin Haaptpersonnagen am Film Kak ja prowjol etim letom, krut hien zesumme mat sengem Matspiller Grigori Dobrygin e Grand Prix fir de beschte Schauspiller op der Berlinale 2010.
Trotz den Originnen - als Fils vun engem litauesche Papp an enger bulgarescher Mamm, schwätzt hie schlecht Litauesch a kee Bulgaresch. De Sergei Puskepalis gouf als en aktiven Ënnerstëtzer vun der sougenannter "Volleksrepublik Donezk" bekannt.
An den 1980er Jore war seng Fra d'Saratower Theateractrice Elwira Danilina. De Fils aus sengem nächsten, zweete Bestietnes, de Gleb Puskepalis, ass och Schauspiller.
Commons: Sergei Puskepalis – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Sergei Witauto Puskepalis, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.