D'Schlass Miersch ass e Schlass zu Miersch a gëtt zum Dall vun de Siwe Schlässer gezielt.
Seng Geschicht geet an d'13. Joerhonnert zeréck. Haut si Verwaltungsservicer vun der Gemeng Miersch dran ënnerbruecht.
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Miersch |
Plaz | Miersch |
Adress | Place Saint-Michel |
Koordinaten | 49° 44’ 52’’ N 06° 6’ 11’’ E |
Baustil | Renaissance |
Statut | Klasséiert Monument (SSMN) |
Datum vum Bau | 13. Joerhonnert (julianesch) |
Proprietär | Gemeng Miersch |
D'Buerg vu Miersch gouf am 13. Joerhonnert vum Theodoric gebaut, engem Ritter am Déngscht vun der Gräfin Ermesinde vu Lëtzebuerg. Am 15. Joerhonnert hunn d'Burgunder se ageholl an néiergebrannt. 1574 huet de Paul von der Veltz se an e Schlass am Renaissance-Stil ëmbaue gelooss. De Buergfrid hat breet Fënsteren, a ronderëm Proprietéit war eng Mauer mat siwen Tierm. Um Rez-de-chaussée an um éischte Stack goufe verwëlleft Plaffongen agebaut. De Rittersall um 2. Stack hat eng beandrockend Schminni. D'Mauere ware mat de Wope vu 16 Adelegen dekoréiert. 1603 gouf d'Schlass vun den Hollänner zerstéiert. 1635, wärend dem Drëssegjärege Krich, gouf net méi vill vum Duerf a vum Schlass ganz gelooss. Ëm 1700 gouf en neien Ulaf mam Erëm-Opbau geholl; de Johann-Friedrich von Elter huet d'Paart nees opbauen an do säi Wopen ubrénge gelooss. 1717 gouf d'Kapell vum von Elter nees opriichte gelooss. Um Altor ass de Wope vu senger Ierwin, der Charlotte von Elter, ze gesinn.
1898 huet d'Famill Sonnenberg-Reinach dem Geschäftsmann Schwartz-Hallinger d'Schlass verkaf. 1930 huet den deemolege Proprietär, den M. Uhres, et restauréiere gelooss. 1938 gouf an engem neie Gebai nieft dem Schlass eng Jugendherberg amenagéiert. 1957 huet d'Gemeng Miersch d'Schlass opkaaft fir et 1960 dem Lëtzebuerger Staat ze verkafen. 1988 gouf et nees un d'Gemeng zeréckgetosch, iwwerdeems dës dem Staat d'Servais-Haus iwwerlooss huet. Nodeem d'Schlass grëndlech renovéiert gouf, sinn zanter 1993 administrativ Servicer vun der Gemeng Miersch dran ënnerbruecht.
De 17. Mäerz 1980 gouf d'Mierscher Schlass als nationaalt Monument klasséiert, a fir d'zweet de 6. Dezember 2023..
Commons: Mersch Castle – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Schlass Miersch, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.