De Robert Shaw, gebuer den 9.
August">9. August 1927 zu Westhoughton an England a gestuerwen den 28. August 1978 zu Tourmakeady an Irland, war en englesche Schauspiller an Auteur vu Romaner an Dréibicher.
Robert Shaw | |
---|---|
Gebuertsnumm | Robert Archibald Shaw |
Gebuer | 9. August 1927 |
Gestuerwen | 28. August 1978 |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun | Royal Academy of Dramatic Art |
Aktivitéit | Schauspiller, Schrëftsteller, Romancier, Dramatiker, Dréibuchauteur |
Famill | |
Bestuet mat | Mary Ure |
Bekannt ass de Shaw besonnesch als Donald Red Grant am James Bond Film From Russia with Love (1963) vum Terence Young an als Quint am Abenteuerfilm Jaws (1975) vum Steven Spielberg. Aner bedeitend Filmer mat him sinn: A Man for all Seasons (1966) vum Fred Zinnemann, Figures in a Landscape (1970) vum Joseph Losey an The Sting (1973) vum George Roy Hill.
Am Alter vun 51 Joer ass hien un engem Häerzschlag gestuerwen.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Robert Shaw (Schauspiller), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.