Tschechien ass an 13 admninistrativ Regiounen agedeelt, déi op tschechesch kraj (pl.
kraje) heeschen. Zanter dem 12. November 2000 si s'eng eege Kierperschaft, mat engem gewielte Parlament an enger Exekutiv. D'Haaptstad Prag huet en eegene Statut, ma gëtt dacks als 14. Regioun matgezielt.
Tschechien ass als Land aus der Deelung vun der Tschechoslowakei ervirgaangen. Déi hat 10 Regiounen: 7 am haitegen Tschechien (dovu 5 a Béimen an 2 a Mieren) an 3 an der haiteger Slowakei.
Déi 5 fréier béimesch Regioune waren Nordbéimen, Westbéimen, Zentralbéimen, Ostbéimen a Südbéimen, Miere war an Nord- a Südmieren agedeelt.
Wopen | Regioun (kraj) | Chef-lieu | Populatioun | Fläch (km2) |
---|---|---|---|---|
Hlavní město Praha* (Haaptstad Prag) | Prag | 1.176.592 | 496 | |
Jihočeský kraj (Regioun Südbéimen) | České Budějovice | 626.870 | 10.057 | |
Jihomoravský kraj (Regioun Südmieren) | Brno | 1.130.620 | 7.067 | |
Karlovarský kraj (Regioun Karlovy Vary) | Karlovy Vary | 304.644 | 3.315 | |
Královéhradecký kraj (Regioun Hradec Králové) | Hradec Králové | 547.903 | 4.758 | |
Liberecký kraj (Regioun Liberec) | Liberec | 428.291 | 3.163 | |
Moravskoslezský kraj (Regioun Mieresch-Schlesien) | Ostrava | 1.251.883 | 5.535 | |
Olomoucký kraj (Regioun Olomouc) | Olomouc | 639.033 | 5.159 | |
Pardubický kraj (Regioun Pardubice) | Pardubice | 505.584 | 4.519 | |
Plzeňský kraj (Regioun Plzeň) | Plzeň | 550.369 | 7.561 | |
Středočeský kraj (Regioun Zentralbéimen) | Prag | 1.150.040 | 11.014 | |
Ústecký kraj (Regioun Ústí nad Labem) | Ústí nad Labem | 823.020 | 5.335 | |
Kraj Vysočina (Regioun Vysočina]] | Jihlava | 510.032 | 6.926 | |
Zlínský kraj (Regioun Zlín) | Zlín | 590.484 | 3.964 |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Regiounen an Tschechien, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.