Proprietéit ass d'Recht fir iwwer e Gutt ze verfügen, wéi een et well.
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mä ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkreete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen! |
Dësen Droitsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dat Recht besteet aus dräi reelle Rechter, déi dem Proprietär en eenzegaartegen Lien zu senger Proprietéit ginn, an zwar den Usus, de Fructus an den Abusus. Eng Persoun déi nëmmen den Usus an de Fructus huet, bezeechent een als Usufruitier. En Usufruitier däerf alles mat deem Gutt maachen, ausser et zerstéieren oder verkafen.
Den Usus (lat. „uti“: benotzen) ass d'Recht vum Proprietär säi Gutt ze benotzen. Dat Recht ass am Prinzip illimitéiert, gëtt awer an der Praxis dacks vum Gesetz limitéiert. De Proprietär däerf säi Gutt benotze wéi hien et fir richteg hält, et sief dann hie stéiert d'ëffentlech Uerdnung oder d'ëffentlech Moral. Beispill: Kaméidi maachen oder strofrechtlech verbueden Aktivitéiten op engem Gutt bedreiwen.
De Fructus (lat. „fructus“: Fruucht) ass d'Recht vum Proprietär den Ertrag vu sengem Gutt auszenotzen. Ganz fréier, waren dat effektiv d'Friichten déi vun engem Bam gefall sinn. Haut kann dat och de Loyer vun engem Haus oder den Ertrag vun enger Iddi sinn.
Den Abusus (lat. „abusus“: Mëssbrauch) ass am wuertwiertleche sënn d'Recht vum Proprietär, säi Gutt ze mëssbrauchen. Juristesch gëtt domat gesot datt de Proprietär d'Recht huet, entweeder d'Gutt selwer oder de Lien zu sengem Gutt ze zerstéieren, z. B. andeems en et verkeeft.
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Proprietéit, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.