De Philae (och bekannt ënner dem Numm Rosetta Lander) ass e Lander, deen zesumme mat der Raumsond Rosetta den 2.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Lander Philae. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Philae (Homonymie). |
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
Mäerz">2. Mäerz 2004 op d'Rees bei de Koméit Tschurjumow-Gerassimenko gestart ass an den 12. November 2014 um Koméit gelant ass. De Lander krut kuerz virum Start den Numm Philae, nom Obelisk vu Philae deen op der Insel Philae am Nil, stoung. Verantwortlech fir den operationellen Deel vun der Philaemissioun war de Raumfaartbenotzerzentrum MUSC vum Däitschen Zentrum fir Loft- a Raumfaart, zu Köln.
Philae | |
---|---|
Typ | Koméitelander |
Operator | European Space Agency / DLR |
COSPAR-Bezeechnung | 2004-006C |
Websäit | http://rosetta.esa.int/ |
Perigeum | 417 km |
Bunnschréi | 33,24° |
Startmass | 100 kg |
Gréisst | 1 × 1 × 0,8 m |
Start | 2. Mäerz 2004, 7:17 UTC |
Startplaz | Kourou ELA-3 |
Drorakéit | Ariane 5G+ V-158 |
Kontrakt | Arianespace |
Status | läit um Koméit 67P/Tschurjumow-Gerassimenko |
De Lander Philae huet ongeféier 200 Milliounen Euro kascht, dat ass ongeféier ee Sechstel vun de Käschte vun der ganzer Rosetta-Missioun.
De Lander Philae ass no der Kartographéierung an Analys déi vun der Rosetta gemaach goufen, um Koméit gelant. Dëse Missiounsdeel war néideg, well d'Beschafenheet vun der Uewerfläch virun der Landung vun der Sond net genee bekannt war. No der Oftrennung ass de Lander mat ongeféier 1 m/s a Richtung Koméit geflunn. Mat Hëllef vun engem kardanesch, mat zwéi Fräiheetsgrade gelagerten dräibeenege Landegestell an dem tëscht Sond a Landegestell fixéiertem Mechanissem, Bubble genannt, sollt Philae um Koméit opsetzen, ouni vun dësem wéinst der niddreger Gravitatioun nees ofzeprallen. De Bubble hat en ettlech Aufgaben. Et war en Dämpfungselement fir d'Opsetzmanöver bei der Landung a sollt dem Lander seng Positioun duerch Kippen an Dréien ännere kënnen an hat déi elektresch Verbindungen tëscht der Sond an de Sensoren an de Féiss. Dat kardanescht Element hat zousätzlech Dämpfungsfunktiounen, andeem et d'Knéckbeweegungen am Element ofbremse konnt. D'Fixéierung um Buedem sollt mat dräi Äisschrauwen, jee eng pro Landegestellfouss, an zwou Harpune garantéiert ginn.
D'Landung um Koméit war am November 2014.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Landung vun der Sond
No der Landung op der Koméitenuewerfläch huet d'Philae verschidde physikalesch-cheemesch Miessunge gemaach, ënner anerem fir, organesch Verbindunge wéi z. B. Aminosaier um Koméitenäis ze detektéieren. Chiral Verbindunge ginn dobäi an hir Enantiomere getrennt a quantifizéiert, fir ze hëllefen d'Enstoe vum Liewen a seng Homochiralitéit op der Äerd ze verstoen. Déi minimal Liewenserwaardung vun der Sond Philae war vun der ESA mat 64 Stonnen uginn.
U Bord vum Lander sinn zéng Instrumenter, déi ongeféier 26,7 kg vum 100 kg schwéiere Lander ausmaachen:
Commons: Philae (spacecraft) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Philae (Sond), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.