Paul Van Hoeydonck

De Paul Van Hoeydonck , gebuer den 8.

Oktober">8. Oktober 1925 zu Antwerpen, ass e belsche Kënschtler, deen ë. a. Molereien, Zeechnungen, Collagen, Skulpturen a Graphike geschaf huet.

Paul Van Hoeydonck
Paul Van Hoeydonck
Gebuer 8. Oktober 1925
Antwerpen
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Moler, Sculpteur
Paul Van Hoeydonck

Hien ass deen éischten a bis ewell eenzege Kënschtler, vun deem et e Konschtwierk um Mound gëtt.

Paul Van Hoeydonck
De Fallen Astronaut um Mound.

Fallen Astronaut

1971 huet de Paul Van Hoeydonck e Konschtwierk geschaf, dat e Fallen Astronaut genannt huet. Et ass dëst eng kleng Aluminiums-Skulptur vu ronn 8,5 cm vun engem schematisiéierten Astronaut. Se gouf vun der Moundmissioun Apollo 15 mat op de Mound geholl an do an de sougenannten Hadley-Apenninen op de Moundbuedem geluecht. Allerdéngs hunn d'Astronauten David Scott an James Irwin nieft d'Skulptur och eng Plack opgestallt, op där d'Nimm vun den 8 amerikaneschen Astronauten a 6 sowjetesche Kosmonaute stinn, déi bei Raum- oder Moundflich (oder Trainingsflich) ëm d'Liewe koumen. Den Hoeydonck ass dat vun der Plack eréischt nodréiglech gewuer ginn, a war net frou iwwer déi Ëmdeitung vu sengem Wierk, dat fir hien ursprénglech den Opbroch no neie Welten hätt solle symboliséieren.

Eng Kopie vum Fallen Astronaut ass ë. a. am Euro Space Center zu Transinne an am Musée fir modern Konscht zu Oostende ze gesinn.

Do donieft huet hien eng ganz Rëtsch aner Konschtwierker geschaf, déi haut Deel vu wichtege Kollektiounen a Muséeën an Europa an Amerika sinn.

Literatur

  • documenta III. Internationale Ausstellung; Katalog: Band 1: Malerei und Skulptur; Band 2: Handzeichnungen; Industrial Design, Graphik; Kassel/Köln 1964
  • Van Hoeydonck, Paul/ Bussche, Willy: Paul Van Hoeydonck; Brüssel 1982

Kuckt och

Um Spaweck

Referenzen

Tags:

Paul Van Hoeydonck Fallen AstronautPaul Van Hoeydonck LiteraturPaul Van Hoeydonck Kuckt ochPaul Van Hoeydonck Um SpaweckPaul Van Hoeydonck19258. OktoberAntwerpenBelschCollageSkulptur

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Ernest Arendt (Affekot)Côte de WanneZentralbankCécile WagnerPierre FriedenE-BassElblingDan SpogenRob DeltgenXavier BettelLëtzebuergeschKréischelenResistenz zu LëtzebuergDavid Goldrake18. SeptemberIndonesienKrimkrichCôte de StockeuOns HeemechtTelekommunikatioun13Kulturzentrum KulturfabrikProsper FriobSecondairesschoulen zu LëtzebuergRiedelenZäitCapellenLaosD'MargréitchenMuselGustave SertaWale fir d'Europäescht Parlament 2024 (Lëtzebuerg)Eugène WolffDonald TrumpRond-point GluckGemeng HeischentGemeng Béiwen-AtertKënzegLëtzebuerger Filmpräis 2016Charles MarxL'enquêteAkustesche BassJules PrussenHandelsregësterWëllem IV. vu LëtzebuergFloridaLëtzebuerg am Zweete WeltkrichAustralienEd LauterFC KehlenFlouernummBuerg SimmerGrenzerkierch Esch-UelzechtKanton Esch-UelzechtCharles MederNicolas MargueOeillets-RevolutiounDagestanSpuerkeessMuttergottesliddLëscht vun de lëtzebuergesche RiedensaartenWolodymyr SelenskyjMonique van de VenLiège-Bastogne-Liège 20221675Comité flamand de FranceZeilespronkverfahrenLëtzebuerger KantonenMielKlëppelkrichMeubert🡆 More