D'Panoramafräiheet ass eng Limitatioun vum Urheberrecht (fr:Droit d'auteur, en:Copyright), déi et an de Legislatioune vu ville Länner op der Welt gëtt.
Se erméiglecht et jidderengem, urheberrechtlech geschützte Wierker wéi zum Beispill Gebaier a Konschtwierker, déi vun ëffentleche Verkéiersweeër aus ze gesi sinn, als Bild ze reproduzéieren ouni datt dofir de Besëtzer vum Urheberrecht muss ëm Erlabnes gefrot ginn. Dat betrëfft souwuel d'Ufäerdegung vu beispillsweis enger Foto wéi och hir Verwäertung. An deene meeschte Bestëmmunge vum Urheberrecht gëtt dës grondsätzlech Fräistellung zugläich duerch spezifesch Reegele beschränkt, fir de Besëtzer vum Copyright a senger Rechtspositioun net iwwerméisseg ze belaaschten.
Onofhängeg vum Urheberrecht kënnen och weider rechtlech Aspekter enger bildlecher Reproduktioun oder hirer Verwäertung entgéint stoen, beispillsweis d'Recht un der Proprietéit, d'Hausrecht, Perséinlechkeetsrechter vun de Bewunner vun engem Gebai oder staatlech Secherheetsaspekter (wéi bei militäreschen Objeten). An deem Fall kann ee fir gewéinlech net d'Panoramafräiheet revendiquéieren.
Et gëtt a ville Staaten op der Welt eng Reegelung vun der Panoramafräiheet (kuckt och d'Kaart vun Europa niewendrun), d'Virschrëften ënnerscheede sech an hirer Envergure awer deelweis ganz staark.
Dacks ginn nëmme ganz genee definéiert Kategorien an- oder ausgeschloss (Beispill: Éisträich, wou d'Ausname nëmme fir Wierker vun der Baukonscht a vun de bildende Kënscht gëllt), wärend aner Länner keng Aschränkung op eenzel Konschtaarte kennen (Beispill: Däitschland). Deelweis gëtt d'Aart a Weis vum Benotzen ageschränkt, wéi duerch e Verbuet vu kommerziellem Gebrauch (Beispill: Slowenien, Bulgarien) oder enger Aschränkung vun der Fräistellung op sou Uwennungen, bei deenen dat ofgebilt Wierk net dat zentraalt Bildmotiv ass (Beispill: Finnland). Och d'Definitioun, wat "ëffentleche Raum" ass an op och d'Banneraim vu Gebaier abegraff sinn, gëtt, jee nodeem, méi oder manner restriktiv applizéiert.
Lëtzebuerg, Frankräich an Italien zielen zu deene Länner, wou et keng Panoramafräiheet gëtt, iwwerdeems Däitschland, d'Schwäiz, Holland, Groussbritannien, Spuenien an Éisträich dat Prinzip applizéieren.
Commons: Panoramafräiheet – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Panoramafräiheet, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.