Op der Juegd (Original Schreifweis: O p d e r J u o ^ c h t }cht} ) ass e Kaméidistéck an zwéin Akte vum Dicks (Edmond de la Fontaine, 1823-1891), deen den Text geschriwwen an d'Musek komponéiert hat.
Am Verzeechnes vum Dicks senge Musekskompositiounen ass d'Wierk den Opus 42.
Déi Dramatesch Gesellschaft zu Letzeburéch huet d'Stéck den 18. Abrëll 1870 an der Stad uropgefouert.
Op der Juegd ass déi musikaleschst vun den Dicks-Operetten an erfuerdert bei den Opféierungen zimmlech gutt Stëmmen.
De Piechter Victor léisst vu sengem Fierschter Néckel eng Klappjuegd organiséieren. Bei där Geleeënheet wëllt hien den Néckel ëm d'Hand vu senger Duechter Lische froen. D'Lischen hat awer schonn dem Fierschter sengem Appersmann Haupert hiert Wuert ginn. Wéi de Victor dem Lischen ze no kënnt an et kësse wëllt, gëtt hie vum Haupert iwwerrascht. Wéi eppes méi spéit de Victor vun engem Keiler ugegraff gëtt, rett den Haupert him d'Liewen, wat him d'Hand vu senger Léift verschaaft.
(dräi Hären aus der Stad)
an e puer Klepper.
Am Joer 1925 ass d'Kaméidistéck fir Groussherzoginsgebuertsdag virun der lëtzebuergescher Kolonie zu Paräis opgeféiert ginn, eng Opféierung iwwer déi d'Luxemburger Illustrierte beriicht huet. D'Haaptrollen haten zwéin deemools bekannt Acteuren, d'Niny Müller an de Venant Paucké.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Op der Juegd, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.