Als Moundphase bezeechent een déi ënnerschiddlech Liichtgestalt vum Äerdmound duerch déi perspektivesch Ännerung vu senger Dag-Nuecht-Grenz relativ zu der Äerd wärend sengem Äerdëmlaf.
Een Ëmlaf vum Äerdmound ronderëm d'Äerd, bei deem de Mound nees déi gläich Stellung zu der Sonn anhëllt, dauert duerchschnëttlech ongeféier 29,53 Deeg (29 Deeg, 12 Stonnen a 43 Minutten) a gëtt synodesche Mount genannt. Hien ass domat knapps e Mount grouss. Tatsächlech si souwuel de Begrëff wéi och d'Längt vun engem Mount vun der synodescher Ëmlafzäit vum Äerdmound ofgeleet.
Déi tatsächlech Längt vun enger eenzeler Period – vun enger Lunatioun – ass zimmlech grousse Schwankungen ënnerworf (kuckt heizou: sideresch Period).
Jee no Stellung vum Mound, der Äerd an der Sonn zoueneen si vun der Äerd aus verschidde Phasewénkele vum Äerdmound z'observéieren. Déi verursaachen déi wiesselnd Gestalte vum Mound um Himmel.
... an de Mound aus Siicht vum Norde vun eiser Äerd | |
---|---|
Déi an der Astronomie aktuell Zielung fänkt mat Neimound (1) un. |
Legend | ||||
---|---|---|---|---|
| A: Äerd B: Äerdmound C: Ëmlafrichtung vum Mound D: Moundbunn ëm d'Äerd E: Sonnestralen |
D'Gréissteverhältnesser vun den Objeten op de Graphiken an hir Ofstänn zueneen entspriechen net deenen natierlechen.
Tabell vun den Haaptphasen | ||
Moundphas | Datum (MEZ) | Auerzäit (MEZ) |
---|---|---|
O Vollmound | 24. Oktober 2018 | 17:45:18 |
Lescht Véirel | 31. Oktober 2018 | 17:40:28 |
Neimound | 7. November 2018 | 17:02:11 |
Éischt Véirel | 15. November 2018 | 15:54:29 |
O Vollmound | 23. November 2018 | 06:39:19 |
Lescht Véirel | 30. November 2018 | 01:18:58 |
Neimound | 7. Dezember 2018 | 08:20:35 |
Éischt Véirel | 15. Dezember 2018 | 12:49:25 |
O Vollmound | 22. Dezember 2018 | 18:48:46 |
Lescht Véirel | 29. Dezember 2018 | 10:34:33 |
Neimound | 6. Januar 2019 | 02:28:28 |
Éischt Véirel | 14. Januar 2019 | 07:45:35 |
O Vollmound | 21. Januar 2019 | 06:16:08 |
Lescht Véirel | 27. Januar 2019 | 22:10:37 |
Neimound | 4. Februar 2019 | 22:03:41 |
Éischt Véirel | 12. Februar 2019 | 23:26:14 |
O Vollmound | 19. Februar 2019 | 16:53:35 |
De Mound ass eng passiv Liichtquell, dat heescht, hie reflektéiert nëmmen dat Liicht vun der aktiver Liichtquell, der Sonn.
Commons: Mondphasen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Moundphas, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.