Dëst ass eng Lëscht vun de Monumenter, déi zu Lëtzebuerg un den Zweete Weltkrich erënneren.
Bis ewell goufen am Ganze 544 sou Monumenter repertoriéiert.
78 % vun alle Monumenter erënneren u lëtzebuergesch Krichsaffer. Vun 1945 bis an d'1970er goufe praktesch an all Gemeng sou Monumenter, meeschtens no bei der Kierch oder dem Kierfecht, opgeriicht. Et gouf an deene meeschte Fäll keen Ënnerscheed gemaach tëscht Zivilaffer, Zwangsrekrutéiert, déi an däitscher Uniform op der Front gefall sinn, Refractairen, oder Resistenzler.
1994/95, fir de 50. Anniversaire vun der Ardennenoffensiv, sinn eng Rëtsch Monumenter derbäikomm. Well et där och an der Belsch an eventuell an Däitschland gëtt, a fir se méi séier ze fannen, gëtt et dofir eng Lëscht iwwer Monumenter vun der Ardennenoffensiv. All Monument am Zesummenhank mat der Ardennenoffensiv soll deemno och an där Lëscht agedroe ginn.
Monumenter fir déi alliéiert Zaldote spigelen d'Krichsgeschéien erëm: Sou si Monumenter fir franséisch Zaldoten, dorënner och algeeresch a marokkanesch Spahis, laanscht d'franséisch Grenz ze fannen, wärend déi fir amerikanescher virun allem am Osten an am Norde vum Land, dacks op der Plaz vu Kämpf wärend der Ardennenoffensiv, opgeriicht goufen.
Well eng eenzeg Lëscht ze grouss wier gouf s'alphabetesch den Uertschaften no opgedeelt. D'Navigatiounsläischt hei drënner leet Iech weider op d'Deellëschten.
Numm | Plaz | Uertschaft | Ageweit | Koordinaten | Bild |
---|---|---|---|---|---|
Erënnerungsplack
| Virum Kierfecht | Zéisseng | 49° 35’ 21.08’’ N 06° 06’ 27.94’’ O | ||
Erënnerungsplack un den Alphonse Dondelinger: A LA MEMOIRE DE DONDELINGER D. G. ALPHONSE HEROS NATIONAL DECAPITE A COLOGNE LE 12 FEVRIER 1942 | rue du Château 10 (maison Beck) | Zolwer | 49° 31’ 31.1’’ N 5° 56’ 20.6’’ O | ||
Erënnerungsplack 6. Regiment Spahis algériens | Kierch Zowaasch | Zowaasch | 49° 31’ 17.44’’ N 5° 50’ 10.95’’ O | ||
Erënnerungsplack als Merci un déi Leit déi politesche Flüchtlinge gehollef hunn. | Kierch Zowaasch | Zowaasch | 49° 31’ 17.44’’ N 5° 50’ 10.95’’ O |
Commons: WWII-Monumenter zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich. |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Monumenter vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg (Z), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.