Maastricht ass d'Haaptstad vun der Provënz Limburg, am Süde vun Holland.
Maastricht huet ronn 123.000 Awunner (2023) an ass déi eelst Stad vun Holland. Si ass op der Plaz entstane, wou e Kiem en Iwwergank iwwer d'Meuse hat. Vun de Réimer gouf déi Plaz Mosae Trajectum genannt. D'Bréck vu Maastricht war e wichtege Punkt um Wee vu Gallien a Germanien. Déi al Réimerbréck war am 13. Joerhonnert baufälleg ginn, an dofir gouf e puer honnert Meter dovu géint 1280 eng nei Bréck gebaut, déi haut nach do steet, d'Sint Servaasbréck. Maastricht huet eng Universitéit, déi 1976 gegrënnt gouf an déi déi jëngste vun Holland ass.
Maastricht | |
---|---|
Land | Holland |
Provënz | Limburg |
Awunner | 120.227 (1. Januar 2021) |
Fläch | 60,06 km² |
Koordinaten | 50°52'N, 5°41'O |
Telefonszon | 043 |
Postcode | 6200–6229 |
Websäit | https://www.gemeentemaastricht.nl/ |
Bekannt gouf Maastricht an de leschte Joren duerch de Maastrichter Vertrag vum 7. Februar 1992.
D'Maastrichter Gare gëtt vun Zich vun der hollännescher NS, der Arriva an der belscher NMBS/SNCB ugefuer. Zich fueren op Amsterdam, Kerkrade a Léck.
Duerch Maastricht leeft d'Autobunn A 2 déi vun der belscher Grenz bei Visé bis op Amsterdam féiert. Den Deel duerch Maastricht war ëmmer d'Ursaach vu Verkéiersstëpp well se do net kräizungsfräi war. 2006 goufen do Aarbechten am Kader vun engem neien Infrastrukturplang ugefaangen. Et goufen en ettlech Foussgänger- a Vëlosbrécken ersat oder neigebaut, an am Laf vum Fréijoer 2012 hunn d'Aarbechte vun der Tunneléierung vun der A2 ugefaangen an den Tunnel ass zanter 2016 a Betrib .
Commons: Maastricht – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Maastricht, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.