Kourou ass eng franséisch Gemeng am franséischen Iwwerséigebitt Guyane.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Guyane | ||||
Departement | Guyane | ||||
Arrondissement | Cayenne | ||||
Kanton | Kourou | ||||
Postcode | 97310 | ||||
Gemengecode | 97304 | ||||
Koordinaten | 05° 09’ 35’’ N 52° 39’ 01’’ W | ||||
Bevëlkerung | 25.490 (2012) |
Kourou läit eng 60 km nordwestlech vun der Haaptstad Cayenne op der Atlantikküst, am Norde vu Südamerika., do wou de Floss mam nämmlechten Numm an d'Mier leeft.
Et ass virun allem bekannt duerch d'Weltraumgare Centre spatial guyanais, déi vun der ESA bedriwwe gëtt. Se gouf 1965 gebaut fir Rakéiten an d'Luucht ze schécken. Si läit gënschteg no beim Equator. Vum Centre spatial guyanais aus ginn an der lescht virun allem Ariane 5-, Sojus- a Vegarakéiten opgeschoss.
Ronn 14 km virun der Küst vu Kourou leien d'Îles du Salut (Île Royale, Île Saint-Joseph an Île du Diable), bis 1945 eng Kolonie (Bagne) fir Prisonéier, ënner hinnen den Alfred Dreyfus (1894), de Guillaume Seznec (1923) an den Henri Charrière (1933, bekannt duerch säi Buch an de Film Papillon).
Commons: Kourou – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Kourou, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.