Kosmologie

D'Kosmologie, vum griichesche κοσμολογία, ass d'Léier vum Urspronk, der Entwécklung an der grondleeënder Struktur vum Universum (Kosmos).

Kosmologie Dësen Astronomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Et ass en Deelgebitt vun der Astronomie a méi genee vun der Astrophysik, awer och vun der Physik a vun der Philosophie.

Kosmologie
Hubble Extreme Deep Field

Der hautdesdaags allgemeng unerkannten Theorie no ass d'Universum zu engem bestëmmten Zäitpunkt, dem Urknall, aus enger Singularitéit eraus entstanen an dehnt sech zanterhier aus. Den Alter vum Universum ass duerch Miessunge vum Hubble-Weltraumteleskop mat 13,75 Milliarde Joer relativ genee bestëmmt ginn.

D'Galaxië beweege sech an alle Richtunge vun der Äerd ewech, wéi wa si viru laanger Zäit vun engem gemeinsame Punkt aus vunenee gaange wieren. D'Vitess vun de Galaxien hänkt vun hirer Distanz zur Äerd of, dës Bezéiung gëtt Gesetz vum Hubble genannt. Dat heescht net, datt eis Äerd de Mëttelpunkt vun der Explosioun war, villméi soll ee sech d'Galaxien als Punkten op engem Loftballon virstellen, dee sech ausdehnt: vun egal wéiengem Punkt aus gesinn, schénge sech déi aner Punkten ewech ze beweegen. Sou ass et och am Universum: all Galaxie beweegt sech vun all den aneren ewech (lokal Gravitatiounseffekter kënnen als Folleg hunn datt zwou Galaxië sech unzéien a matenee verschmëlzen, mä op groussem Moossstaf gesi beweege sech d'Galaxië vuneneen ewech).

En zweete Beweis ass d'kosmesch Stralung, déi aus alle Richtunge vum All kënnt. An där Stralung fënnt ee Wellen, déi op liicht Onreegelméissegkeeten an der Dicht vum fréien Universum hiweisen. Déi waren zoustänneg fir d'Galaxien ze bilden.

Och d'Virstellen iwwer d'Schicksal vum Universum gehéiert zur Kosmologie. An der Kosmologie ass an deene nächste Joren e groussen Erkenntnesgewënn virprogramméiert, duerch ëmmer méi prezis an ausgetüftelt Experimenter, um Buedem an (duerch Sonden) am Weltraum.

Bicher (populärwessenschaftlech)

  • Steven Weinberg: Die ersten drei Minuten. Der Ursprung des Universums.
  • Fred Adams, Fred Laughlin: Die fünf Zeitalter des Universums. Eine Physik der Ewigkeit.

Fachbicher

  • Scott Dodelson: Modern Cosmology (2003)
  • Steven Weinberg: Cosmology (2008)

Um Spaweck

Commons: Kosmologie – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

AstronomieAstrophysikGriicheschPhilosophiePhysikUniversum

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

KréischelenMinettsgéigendPéiterséileginselWienCQ (Film)MeubertKetty ThullErmesinde vu LëtzebuergCroix de Guerre (Lëtzebuerg)KroatienFrankräichCharles MarxKlitorisJhemp HoscheitGeorges RavaraniMelusinaGustave SertaHollandtmxsxPornographieEpicerie Binck am Fond-de-GrasKachkéisDomaine publicKommunikatiounssatellitNathalie Reuter (Journalistin)Rond-point GluckPhilippe SchneiderMonumenter vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg (L)WikipediaMars Science LaboratoryBleachMaximilian SchellSpack-O-MatDepartement Puy-de-DômePsychologieLaosFC Blo-Wäiss IzegVera TschechowaJakobuskierch zu GreiweldengCFL 1600IBMWëllem IV. vu LëtzebuergSS-Sonderlager HinzertHousekerFloridaPozuelo de AlarcónOta NalezinekJean vu LëtzebuergMuselRandscheltMullebutzInstitut supérieur d'études et de recherches pédagogiquesKanton LëtzebuergMielOregonMinettstramStiefesdagBlogLiliane Thorn-PetitJohnny DeppKasachstanAlexei Sergejewitsch IonowVergewaltegungFoussball-Weltmeeschterschaft 2006/Costa RicaAsienDäitschlandLëtzebuergesch KichespezialitéitenRomain BauschFlouernumm🡆 More