D'Konferenz vun Teheran, och EUREKA-Konferenz resp.
Konferenz vun de "Groussen Dräi" genannt, war eng Konferenz, déi vum 28. November bis den 1. Dezember 1943 gedauert huet. Et war dëst déi éischt Konferenz vun de Staats-, resp. Regierungscheffe vun den dräi Haaptalliéierte vun der Anti-Hitler-Koalition am Zweete Weltkrich, Groussbritannien, den USA an der Sowjetunioun. Si war an der iranescher Haaptstad Teheran, an d'Participante waren den US-President Franklin D. Roosevelt, de brittesche Premierminister Winston Churchill, de sowjetesche Staatschef Josef Stalin souwéi hir respektiv militäresch Conseilleren..
Et goung drëms, sech driwwer eens ze ginn, wéi et sollt 1944 virugoe mam Krich an Europa, an och déi grouss Linnen, wat geschéie soll, wann déi Alliéiert bis iwwer Däitschland de Krich gewonnen hätten. An de Méint virdru gouf et scho Konferenze vun den Ausseministeren zu Moskau a vun den Etat-Majoueren zu Kairo, fir d'Teheraner Konferenz ze preparéieren.
De Stalin huet do deenen aneren zougeséchert, datt no enger Victoire iwwer Däitschland hien déi sowjetesch Truppen asätze kéint fir un der Pazifik-Küst géint d'Japaner ze kämpfen, an de Roosevelt an den Churchill hunn hien driwwer informéiert, datt si am Mee 1944 d'Operation Overlord wéilte lancéieren, sou datt Däitschland vun zwou Säiten an d'Zaang geholl kéint ginn.
Wat Däitschland nom Krich betrëfft, sou huet den Churchill proposéiert, Däitschland an zwee ze deelen, an en nërdlecht Land an e südlecht, dat, als "Donaufëderatioun", och Deeler vun Éisträich an Ungarn mat abezéie géif. De Roosevelt goung méi wäit an huet virgeschloen, et a fënnef autonom Eenzelstaaten ze splécken.
Ausserdeem goufen déi Dräi sech am Prinzip eens, datt déi sowjetesch Grenze vun 1941 gëlle sollten, deemno sou wéi s'am Sowjetesch-Däitschen Netugrëffspakt festgeluecht gi waren, an domat d'Ausbreedung vun der Sowjetunioun no Westen. D'polnesch-sowjetesch Grenz sollt deem entspriechend laanscht d'Curzon-Linn goen, Białystok nees polnesch ginn, an d'Sowjetunioun kréich dat nërdlecht Ostpreise mat Königsberg. D'Oder sollt déi nei Grenz tëscht Polen an Däitschland ginn. Weider sollt Finnland onofhängeg bleiwen an den Iran, dee vu britteschen a sowjetesche Truppe besat war, nees onofhängeg.
Commons: Konferenz vun Teheran – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Konferenz vun Teheran, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.