De Kinnek, Unicode: ♔ ♚, ass déi wichtegst Figur beim Schachspill, well et d'Zil vum Spill ass, de géigneresche Kinnek matt ze setzen - woumat d'Partie direkt ophält.
Dëse Schachartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Schachfiguren | |
---|---|
Kinnek | |
Damm | |
Tuerm | |
Leefer | |
Sprénger | |
Bauer |
Matt setzen heescht, de géigneresche Kinnek mat enger (oder méi) Figur(en) ze bedreeën, ouni datt d'Menace ofgewiert ka ginn duerch Ewechzéie vum Kinnek op en onmenacéierte Feld, duerch d'Schloe vun der ugräifender Figur oder duerch d'Dotëschentzéie vun enger Figur. Als besonneschen, allerdéngs net ganz verbreete Geste, datt e verluer huet oder opgëtt, kann een den eegene Kinnek um Schachbriet ëmgeheie respektiv ëmleeën.
Jiddwer Partei huet ee Kinnek. An der Grondstellung steet de wäisse Kinnek um Feld e1 an de schwaarzen op e8.
An der Erëffnung kënnt et an der Reegel drop un, de Kinnek sou séier wéi méiglech duerch d'Rochade a Sécherheet ze bréngen.
Am Mëttelspill gehéiert d'Sécherung vum Kinnek viru géignereschen Ugrëffer zu de strategeschen Ziler.
Am Endspill spillt de Kinnek eng wesentlech Roll. Am Géigesaz zu deenen anere Spillphasen, wou d'Secherheet vum Kinnek prioritär ass, hëlt de Kinnek aktiv um Geschéien deel an ass besonnesch a Bauerenendspiller entscheedend. Dobäi kënnt et dacks op d'Zentraliséierung an op d'Oppositioun vun de Kinneken un.
Commons: Kinnek – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Kinnek (Schach), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.