Vun enger Iwwerlaaschtung schwätzt een am Schach, wann e Steen net gläichzäiteg zwou Deckungsaufgabe bewältege kann.
Doraus entstinn dacks Kombinatiounsmotiver.
Am Diagramm 1 deckt de wäisse Bauer op g2 de Sprénger op f3 an de Bauer op h3.
No 1.... Lxh3 2. gxh3 hëlt sech Schwaarz déi geaffert Figur duerch 2.... Dxf3 nees zeréck. De wäisse Bauer op g2 war iwwerlaascht.
Am Diagramm 2 deckt déi schwaarz Damm d'Mattfeld e8 an den Tuerm op c7.
No 1. Dxc7 verbidd sech 1.... Dxc7 wéinst 2. Te8#. Déi schwaarz Damm ass iwwerlaascht.
Vun dëser Stellung aus, aus enger Partie Krasenkow - Karpow, huet de Karpow (Schwaarz) 29.... Te1! gespillt.
De wäissen Tuerm op f1 muss elo de Bauer op f3 decken (Schwaarz dreet 30.... Dxf3#), gläichzäiteg awer de Kinnek virun dem schwaarzen Tuerm op e1 ofschiermen. Mat dëser Duebelaufgab ass de wäissen Tuerm iwwerfuerdert. Dofir huet de Krasenkow d'Partie op dësem Punkt opginn.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Iwwerlaaschtung (Schach), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.