Kingissepp (op Russesch: Кингисепп, op Estesch, Finnesch a Wotesch: Jaama, op Ijoresch: Kingiseppä) ass eng Stad am Oblast Leningrad am Nordwestrussesche Federatiounskrees a Russland.
Dëse Geographiesartikel iwwer Russland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Floss Luga fléisst duerch d'Stad, se läit eng 138 km südwestlech vu Sankt Péitersbuerg, ronn 25 km ëstlech vun der Grenz mat Estland a ronn 40 km südlech vum Finnesche Golf.
Kingissepp | |
---|---|
Land | Russland |
Federatiounskrees | Nordwestrussland |
Status | Oblast |
Regioun | Leningrad |
Gegrënnt | 1384 |
Awunner | 47.313 (2017) |
Fläch | 44 |
Koordinaten | 59°22'N, 28°36'O |
Zäitzon | UTC+3 |
Telefonszon | 81375 |
Postcode | 188455–188456 |
Websäit | http://kingisepp-mo.ru |
D'Stad gouf 1384 gegrënnt, wéi do d'Festung vun der Republik Nowgorod gebaut gouf. Deemools housch d'Uertschaft nach Jama (ru. Яма). 1395 gouf d'Festung scho vun de Schweden ugegraff, se huet awer duergehal.
D'Stad ass de Verwaltungszentrum vum Distrikt Kingissepp. Se huet, zesumme mat hirem Stadkrees, eng Fläch vun zirka 44 km² an 48.488 Awunner (Stand 14. Oktober 2010).
Duerch Kingissepp féiert d'Eisebunnsstreck St. Péitersbuerg–Tallinn.
Commons: Kingissepp – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Kingissepp, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.