D'Kierch vun Nouspelt ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Mamerdall Saint-Christophe, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Kielen gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Uertschaft / Plaz | Nouspelt | |||
Par | Mamerdall Saint-Christophe | |||
Dekanat | Lëtzebuerg | |||
Numm / Patréiner | Hl. Thomas | |||
Konsekratioun | 1864 | |||
Architekt(en) | Théodore Eberhard | |||
Koordinaten | 49° 40’ 24’’ N 06° 00’ 27.7’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner ass den hellegen Thomas, deem säi Fest den 3. Juli gefeiert gëtt.
Si steet zentral an der Uertschaft tëscht der Olmer Strooss, dem CR104A, an der Kierfechtstrooss. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.
Den 3. Mee 2022 gouf si als Nationaalt Kulturierwe klasséiert.
Nouspelt huet bis 1807 zur Par Schéimerech (Schönberg) gehéiert, duerno ass et eng eegestänneg Par ginn.
Zur fréierer Par Nouspelt gehéieren och nach d'Kapell vun Dondel an d'Kapell vu Rued, déi awer zum Parverband Sankt Willibrord Helpert gehéiert.
Am Joer 1570 gëtt eng Kapell zu Nouspelt ernimmt. Si war dem Hl. Thomas geweit. D'Kapell ass am Joer 1849 ofgerappt ginn.
Am Joer 1850 ass ugefaange ginn déi nei Kierch ze bauen an den 1. Mäerz 1852 war se fäerdeg. 1862 sinn nei faarweg Fënsteren agebaut ginn, well am Ufank aus Käschtegrënn nëmme Fënsteren aus klorem Glas benotzt goufen. Déi dräi ronn Fënsteren an der Haaptfassad si vum deemolege Paschtouer J. Bernard Krier selwer finanzéiert ginn. Ageweit gouf d'Kierch den 10. Juni 1864.
1986 si verschidde Renovatiounsaarbechten ausgefouert ginn; d'Fassad vum Tuerm ass erneiert ginn, d'Gebällek ass deelweis ersat an den Daach nei agedeckt ginn. 1988 sinn och nach d'Fënstere restauréiert ginn.
Den Haaptaltor an déi zwéi Säitenaltär sinn am Barockstil. Am Haaptaltor ass eng Reliquie vum Hl. Thomas ënnerbruecht.
Commons: Kierch Nouspelt – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Kierch Nouspelt, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.