Kastilien-León (sp: Castilla y León) ass eng Regioun an eng autonom Gemeinschaft a Spuenien.
Kastilien-León | ||||
| ||||
Land | Spuenien | |||
Haaptstad | Valladolid | |||
Offiziell Sprooch(en) | Spuenesch | |||
---|---|---|---|---|
Fläch | 94.223 km² | |||
Awunner | 2.528.417 2007) | |||
Bevëlkerungsdicht | 5,69 Aw. / km² | |||
Autonome Statut | 30. November 2007 | |||
Offizielle Feierdag | 23. Abrëll | |||
President | Juan Vicente Herrera Campo (PP) | |||
Lag vu Kastilien-León a Spuenien | ||||
Autonom Gemeinschafte vu Spuenien |
Kastilien-León läit am Norde vu Spuenien a grenzt am Norden un d'Regiounen Asturien, Kantabrien a Baskeland, am Westen u La Rioja an Aragonien, am Süden u Madrid, Kastilien-La Mancha an Extremadura an am Osten u Galicien a Portugal. D'Fläch huet 94.223 km². Kastilien-León ass domat déi gréisst Gemeinschaft a Spuenien an hëlt 18,6 % vu Spuenien an. D'Haaptstad ass Valladolid.
Kastilien-León ass an 9 Provënzen agedeelt, déi hirersäits a Gemengen agedeelt sinn.
Numm | Haaptstad | Provënz | Haaptstad |
---|---|---|---|
Kastilien-León | Valladolid | Ávila | Ávila |
Burgos | Burgos | ||
León | León | ||
Palencia | Palencia | ||
Salamanca | Salamanca | ||
Segovia | Segovia | ||
Soria | Soria | ||
Valladolid | Valladolid | ||
Zamora | Zamora |
Kastilien-León ass zanter dem 2. Mäerz 1983 eng autonom Gemeinschaft.
De President vu Kastilien—León ass de Juan Vicente Herrera Campo (PP). Parlamentaresch Vertriedung am spuenesche Kongress sinn 33 Sëtz an am Senat sinn 3 Sëtz.
Am Joer 2007 ass d'Awunnerzuel 2.528.417, dat si 5,69 % vun der spuenescher Populatioun.
Commons: Kastilien-León – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Kastilien-León, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.