D'Period Karbon ass déi zweetlescht Period aus dem Äerdaltertum.
No hir kënnt d'Period Perm a virun hir war d'Period Devon.
Si ass an zwou Haaptepochen agedeelt: Pennsylvanium a Mississippium an huet virun ongeféier 359,2 Millioune Joer ugefaangen a bis virun 299 Millioune Joer gedauert.
Bëscher sinn entstanen an hir ofgestuerwen Iwwerreschter hu sech lues a lues a Kuel verwandelt.
Déi éischt Amphibien, d'Virfahre vun den haitege Lurchen, hunn ugefaangen och u Land op d'Juegd ze goen an hu sech sou vum Waasser onofhängeg gemaach.
Aus der Linn vun den Amphibien hu sech d'Reptiller entwéckelt. Mat hiren Eeër, déi eng fest Schuel haten, konnte si hiren Nowues um Festland op d'Welt bréngen.
De Superkontinent Pangea huet ugefaange sech ze bilden.
Commons: Karbon – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Karbon, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.