Joseph Saidu Momoh

De Joseph Saidu Momoh, gebuer de 26.

Januar">26. Januar 1937 zu Binkolo a gestuerwen den 3. August 2003 zu Conakry, war vun 1985 bis 1992 President vu Sierra Leone.

Joseph Saidu Momoh
Gebuer 26. Januar 1937
Gestuerwen 3. August 2003
Conakry
Nationalitéit Sierra Leone
Aktivitéit Politiker, Militär
Joseph Saidu Momoh

De Momoh, dee vum Stamm vun de Limba war, ass 1958 an d'Arméi vun der brittescher Kolonie agetratt. 1971 gouf hien de Chef vun dëser Trupp, an 1974 Deputéierten am Parlament a Staatssekretär an der Regierung vum deemolege President Siaka Stevens.

Als Generolmajouer gouf hien 1984 Chef vum État Major.

Den 28. November 1985 gouf de Momoh President a blouf dat bal siwe Joer bis den 29. Abrëll 1992, wéi hie vum Valentine Strasser ofgesat gouf.

Am Biergerkrich vun 1998 gouf de Momoh am Februar vun Zaldote vun der ECOWAS-Interventiounstrupp gefaange geholl an de 5. November 1998 wéinst Verschwörung an Héichverrot zu 10 Joer Prisong verurteelt, wéinst engem Putsch am Mee 1997 an deen hie sollt verwéckelt gewiescht sinn.

Hie konnt fortlafen, ass awer dunn an d'Hänn vun de Rebelle vun der Revolutionary United Front (RUF) vum Foday Sankoh geroden a gouf am November 1999 erëm lafe gelooss. D'Regierung vum President Ahmad Tejan Kabbah hat hie schonn am Juli amnestéiert.

No sengem Doud am Exil a Guinea gouf hien op Freetown bruecht an e krut e Staatsbegriewnes.

Um Spaweck

Tags:

1937200326. Januar3. AugustConakrySierra Leone

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

EnzyklopediePéckvillchenLissabonBud LuckeySowjetuniounVk.comGehaansbiergStamm (Biologie)SS-Sonderlager HinzertFernand MertensSiliziumtmxsxJéineschNeptun (Planéit)Un der Atert13AsienKasachstan1323Wale fir d'Europäescht Parlament 2024 (Lëtzebuerg)23. JanuarFluchhafe Lëtzebuerg1978Jean-Pierre FlohrLëtzebuerger KantonenLiliane Thorn-PetitJohannes VermeerDan SpogenMinettstramDCroix de Guerre (Lëtzebuerg)E-BassLëscht vu lëtzebuergesche KonschtschafendenKoordinéiert WeltzäitGeorges Eugène HaussmannFC Syra MensterPerl oder Pica (Film)Wolodymyr SelenskyjFloridaPornofilmBenito MussoliniLaosWikiBommenzinnesFC Déifferdeng 03Gemeng Béiwen-AtertTun TonnarLiichtmëssdagvietnamRené PutzeysOeillets-RevolutiounEd Lauter23. JuniRassissemGaston ReineschNordirlandJemp SchusterL'enquêteLuc Frieden6. MäerzCharlotte vu LëtzebuergGriichelandMonotheismus2022Kanton LëtzebuergLëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderSaudiarabienC++🡆 More