De Joseph-Germain Strock, gebuer den 20.
November">20. November 1865 zu Beefort a gestuerwen den 31. Dezember 1923 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Moler a Konschterzéier.
Joseph-Germain Strock | |
---|---|
Gebuer | 20. November 1865 Beefort |
Gestuerwen | 31. Dezember 1923 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
Member vun | Cercle artistique de Luxembourg |
Zu sengem Wierk zielen Zeechnunge vun historesche Militäruniformen, Portraiten a Landschaften.
De Joseph-Germain Strock huet am Stater Kolléisch geléiert an ass duerno op Antwerpen op d'Académie royale des beaux-arts an op d'Académie Julian zu Paräis gaangen.
Hien huet 1903 seng Maîtrise de dessin gemaacht a war provisoresch Chargé de cours an der Industrieschoul bis en do 1905 eng Nominatioun als Zeecheprofesser krut.
De Joseph-Germain Strock war vun 1910 bis 1916 Sekretär vum Cercle artistique.
Vun 1912 bis 1917 war hie Chargé de cours am Stater Meedercherslycée.
Commons: Joseph-Germain Strock – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Joseph-Germain Strock, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.