De José Manuel Ramos-Horta, gebuer de 26.
Dezember">26. Dezember 1949 zu Dili, deemools Portugisesch-Timor, ass e Politiker vun Timor-Leste.
José Ramos-Horta | |
---|---|
Gebuer | 26. Dezember 1949 Dili |
Nationalitéit | Timor-Leste |
Educatioun | School of International and Public Affairs |
Aktivitéit | Politiker, Affekot, Rechtsberoder |
Partei | keng |
1996 krut hien, zesumme mam Bëschof Carlos Filipe Ximenes Belo de Friddesnobelpräis fir seng Beméiungen, eng friddlech Léisung am Ost-Timor-Konflikt ze fannen.
Vun 2006 bis 2007 war de Ramos-Horta Premierminister vun Timor Leste a vum 20. Mee 2007 bis den 20. Mee 2012 war hien eg éischt Kéier Staatspresident. Den 11. Februar 2008 gouf hie bei engem Attentat schwéier blesséiert. Den 1. Januar 2013 gouf de Ramos-Horta zum UN-Sonnerbeoptragte fir Guinea-Bissau ernannt. Vun 2017 bis 2018 war hie Staatsminister a Conseiller fir Froen zu der nationaler Sécherheet.
Den 20. Mee 2022 gouf hien eng zweet Kéier als Staatspresident vun Timor-Leste vereedegt.
Commons: José Ramos-Horta – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article José Ramos-Horta, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.