De Johny Grün, gebuer den 19.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem lëtzebuergesche Gewiichthiewer Johny Grün. Fir säi Papp, de lëtzebuergesche Kraaftmënsch Jean ("John") Grün, kuckt wgl. John Grün. |
Juni">19. Juni 1897 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen 1940, war e lëtzebuergesche Gewiichthiewer an Olmypionik.
Johny Grün | |
---|---|
Gebuer | 19. Juni 1897 Lëtzebuerg |
Gestuerwen | 1940 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Sportler |
Hie war de Jong vum John Grün, deen als Kraaftmënsch opgetrueden ass.
De Johny Grün huet zweemol bei den Olympesche Spiller am Gewiichthiewen an der Kategorie Liichtgewiicht (ënner 67,5 kg) matgemaach.
1920, bei den Olympesche Spiller zu Antwerpen koum hien op déi 8. Plaz ënner 12 Konkurrenten. D'Épreuve huet sech aus dräi verschiddenen Exercicen zesummegesat. Am Total koum hien op 210,0 kg.
Seng bescht Versich an den eenzelen Exercicë waren:
1924, bei den Olympesche Spiller zu Paräis gouf hien den 18. vun 22. Offiziell klasséiert goufen awer nëmmen déi 6 éischt. An der Épreuve, déi aus fënnef verschiddenen Exercicë bestanen huet, koum hien op en Total vun 350,0 kg.
Seng bescht Versich an den eenzelen Exercice waren:
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Johny Grün, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.