De Jean Stablinski, mam richtegen Numm Stablewski, gebuer den 12.
Mee">12. Mee 1932 zu Thun-Saint-Amand a gestuerwen den 22. Juli 2007 zu Lille, war e franséische Vëlossportler. Hie krut d'franséisch Nationalitéit 1948.
Hien ass den Tour de France zwielefmol matgefuer an huet dobäi fënnef Etappe gewonnen.
Et war en zimmlechen Dropgänger an dem Jacques Anquetil säi beschte Läitnant. Hie war Profi vun 1953 bis 1968, a gouf zweemol wéinst Doping gespaart.
No senger Carrièrre als Vëlossportler gouf hien Directeur sportif, wou hie sech z. B. ëm de Lucien Van Impe an de Bernard Hinault bekëmmert huet.
Hien ass no laanger Krankheet den 22. Juli 2007 an engem Spidol zu Lille gestuerwen.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Jean Stablinski, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.